Rantanplan

fiktiven Hond

De Rantanplan ass en Hond, deen an der Comics-Serie Lucky Luke méi dacks virkënnt. En hat säin éischten Optrëtt am Album Sur la piste des Dalton. Et handelt sech ëm eng Parodie op de Filmhond Rintintin.

Rantanplan
Ass en(g) fiktiven Hond, Comicfigur
Geschlecht männlech
Aktivitéit Wuechthond
Besëtzer Lucky Luke
Universum
Present am Lucky Luke
Produktiounsland Belsch

De Rantanplan zeechent sech doduerch aus, datt en ausseruerdentlech domm ass, mä duerch seng Dommheet paradoxerweis dacks deenen anere Personnagen aus der Bande-dessinée hëlleft. Hien ass am Fong e Prisongswuechthond, mä ass ze vill dermat beschäftegt, u Friessen a Schlofen ze denken, sou datt en total a senger Fonctioun verseet. Seng Gedanken, ee méi absurd oder topech wéi deen aneren, kann de Lieser a Gedankeblosen appréciéieren. E Running Gag besteet doranner, datt e probéiert, engem op den Aarm ze sprangen, mee sech ëmmer nees an der Distanz verschätzt.

Tëscht 1987 an 2011 war de Rantanplan den "Held" vun eegene Geschichten: 10 "Aventuren", an 10 Sammlunge vu witzegen Episoden.