Aktioun Réiserbunny

11. Comic aus der Superjhemp-Serie


Aktioun Réiserbunny an 10 aner Geschichten ass den 11. Album vun der Superjhemp-Serie déi vum Lucien Czuga geschriwwen a vum Roger Leiner gezeechent gouf. De Comic ass am Joer 1998 erauskomm.

Aktioun Réiserbunny
Land Lëtzebuerg
Sprooch Lëtzebuergesch
Erauskomm 1998
Auteur Lucien Czuga
Zeechnungen Roger Leiner
Serie Superjhemp
Band virdrun Geheimcode Bloë Stär
Band duerno D'Patte wech vum Luxonit!

Ëm wat geet et? änneren

De Band 11 ass ee vu véier Albumen[1] an deem et net ëm eng eenzel Aventure vum Superjhemp geet. Et ginn am Ganzen 11 ofgeschlosse Geschichte erzielt: eng Ouschter- an 9 Krëschtgeschichten an eng an där erkläert gëtt, wéi de Superjhemp op d'Welt koum.

Titele vun de Geschichten änneren

  • De Superjhemp an de Réiserbunny
  • Dat klengt Meedchen an de Krëschtmännchen
  • De Superjhemp an di eidel Krëppchen
  • Dem Schrobiltgen säi Krëschtbeemchen
  • D'Rätsel vum Palais!
  • De Superjhemp säi Bouf
  • De Superjhemp kënnt op den Hond
  • De Superjhemp an d'Schwéiermamm!
  • Charel Kuddel: Eleng doheem
  • Däischtere Krëschtdag
  • Wéi de Superjhemp op d'Welt koum

Personnagen am Album änneren

(alphabetesch Lëscht vun de Personnagen déi an der Geschicht virkommen oder ernimmt ginn)

Kuckt och änneren


Referenzen an Notten änneren

  1. déi dräi aner Albume mat méi Geschichte sinn d'Bänn 22, 28 an 29