Wikipedia:Communautéit

Hanner Wikipedia verstoppt sech eng Communautéit vu Kontributeuren. Do ass et natierlech nëmmen allze mënschlech ze diskutéieren an och alt emol ze streiden.

De Sënn vun dëse Säiten ass et, fir Iech de kommunautären Aspekt vu Wikipedia méi no ze bréngen.

Normalstierflecher genee sou wéi Experten op verschiddene Gebidder hëllefe bei dësem Projet mat a während Der dës Säit liest ass warscheinlech grad een am Gaang en Artikel ze schreiwen oder ze änneren. Der musst Iech net identifizéieren, mä e Benotzernumm erméiglecht Iech e puer weider Funktiounen ze benotzen, an erliichtert d'Korrespondenz.

Der kënnt Iech och an der Lëscht vun de Wikipedianer androen, wat deem ganzen eng méi familiär Atmosphär gëtt.

Déi verschidde Rolle bannent der Communautéit
Wat ass een Anonymen, e Benotzer, e Sysop a wat maachen déi Leit ?
Wou kann ech diskutéieren oder Froe stellen ?
Dës Säit erkläert Iech, u wien der Iech wenne kënnt, wann Dir eng Fro hutt, a wou der diskutéiere kënnt.
Wat maache bei Konflikter ?
Dës Säit erkläert Iech, wat Dir maache sollt, wann der enger anerer Meenung sidd wéi den Auteur vun engem Artikel, a wéi Konflikter tëscht de Benotzer ze reegele sinn.