Powerpuff Girls ass eng amerikanesch animéiert Televisiounsserie, déi vum Craig McCracken kreéiert gouf. Dës Serie ass am Ufank vun Hanna Barbera produzéiert ginn an ass 2001 dann vu Cartoon Network ofkaf ginn. D'Serie handelt ëm dräi kleng Meedercher, d'Blossom, d'Bubbles an d'Buttercup. Si hu speziell Stäerkten, déi s'uwende fir hir Stad Townsville virum Béisen ze beschützen.

Powerpuff Girls
Serie
Produktiounsland USA
Première 1998
Dauer 10-20
Originalsprooch Englesch
Follgen 78
Éischt Folleg 18. November 1998
Staffelen 6
Episoden 78
Ekipp
Iddi Craig McCracken
Produzent Hanna-Barbera Productions (1998-2001)
Cartoon Network Studios (2001-2005)
Distributioun Warner Bros. Television, Hulu
Schauspiller
N/A

1992 huet de Craig McCracken dës Serie als Cartoon erausbruecht, ënnert dem Numm Whoopass Stew. Den Originalnumm huet awer ze vulgär fir déi jonk Audienz gewierkt. Dowéinst huet en den Numm Whoopass Stew op Powerpuff Girls ëmgeännert. Zanter 2001 ass d'Serie op Cartoon Network ausgestraalt ginn, am Programm What a Cartoon!, an hat säitdeem grousse Succès.

Op der Basis vu Powerpuff Girls sinn Animeë, CD Albumen, Videospiller an e Film entstanen. 2016 gouf och e Reboot duerchgefouert[onkloer].

Handlung änneren

An der Serie geet et ëm en Trio, vun dräi klenge jonke Schwësteren; d'Blossom, d'Bubbles an d'Buttercup. De Professer Utonium wollt eigentlech déi perfekt Meedercher produzéieren, déi aus Zocker, Gewierzer a lauter gudde Saache bestoe sollten (eng Uspillung op en englescht Gedicht What Are Little Boys Made Of?), mä him ass d'Chemikalie X dragefall. Dat huet dozou gefouert, datt dräi kleng Meedercher mat spezielle Kräften entstane sinn. Well si déi Kräften hunn, maache si et sech zur Aufgab hir Stad Townsville virun de Béisen ze beschützen. An hirem Liewe geet et awer net nëmmen drëm, géint dat Béist ze kämpfen, mä och déi alldeeglech Aufgaben ze packen, wéi zum Beispill an d'Schoul ze goen.[1]

Charakteren änneren

  • Blossom: D'Blossom ass d'Leaderin an ass dat wat d'Decisiounen hëlt. Hatt ass staark, intelligent an determinéiert. Wann et géint déi Béis kämpft, stellt hatt d'Methoden op wéi déi dräi solle virgoen, hatt ass nämlech extreemst strateegesch. Hatt geet all Schrëtt duerch an 't ass alles duerchduecht. Seng Emotiounen huet et ënner Kontroll a léisst sech net vun hinne beaflossen. Seng Stäerkten sinn d'Fléien an et kann duerch säin Otem Saache veräisen. D'Blossom huet laang rout-orange Hoer an hell rosa Aen. Et dréit e rosae Putsch, e rosat Kleed mat schwaarzen horizontale Sträife ronderëm d'Taille, an e wäisse Collant mat schwaarze Mary-Janes-Schong.
  • Bubbles: D'Bubbles ass dat schwächst, mee awer och dat séisst a léifst vun de Powerpuff Girls. Duerch seng blond Wutzen a säi Laache wierkt et onschëlleg. Ma hatt ass och extreem staark a kann och déi Béis bekämpfen. Et ka souguer vill Sprooche schwätzen a verstoen, an et ka mat Déieren kommunizéieren. D'Bubbles gëtt duerch blo Faarwe representéiert. Hatt huet zwee blond Wutzen, grouss hellblo Aen, an deet ëmmer en hellbloe Rack un, deen eng schwaarz Sträif ronderëm der Taille huet. Zu sengem Outfit gehéiert weiderhin e wäisse Collant a schwaarz Mary-Janes-Schong.
  • Buttercup:D'Buttercup ass ganz staark, a gëtt séier rosen. Hatt ass seriö, stuer, temperamentvoll a léisst sech séier duerch seng Emotioune leeden. Hatt brauch keng Pläng fir déi Béis ze bekämpfen, et wëll am léifste spontan handelen. Et haasst et, wann ee sech him an de Wee stellt. Hatt ass dat eenzegt, dat keng speziell Fäegkeeten huet, ausser seng Zong kënnen ze knieden.* D'Buttercup gëtt duerch déi gréng Faarwen duergestallt. Hatt huet kuerz schwaarz Hoer mat enger Chienne, gréng Aen an et huet e gréngt Kleed un, dat eng schwaarz Sträif ronderëm d'Taille huet. Dozou dréit et och e wäisse Collant a schwaarz Mary-Janes-Schong.
  • Buergermeeschter:De Buergermeeschter ass net immens intelligent, mee duerfir extrem gutthäerzeg. Hie wëll seng Stad ëm all Präis beschützen. Hien ass éischter kleng gewuess, ma huet eng iwwerproportional grouss Nues. En huet e faarwege Costume un, e Monokel an en Zylinder. Dobäi huet en nach e wäisse Schnurres a wäiss Hoer.
  • Sara Bellum: D'Sara Bellum ass déi schéin Assistentin vum Buergermeeschter. Et gesäit een, dass et voluminéis Hoer huet, mee säi Gesiicht ass ni ze gesinn. Et huet eng rout enk Veste un, mat enger rouder enker Jupe a rout héich Talleken. Et hëlt seng Aarbecht als Assistentin vum Buergermeeschter ganz Eescht.
  • Hien: Hien ass ee vun de Béisen, déi an de Powerpuff Girls virkommen. Hien ass esou diabolesch a grausam, datt säin Numm net ernimmt gëtt, well dee soss Angscht bei de Leit ausléise géif. Hien ass rout, grouss an dënn. Hien huet schwaarz kuerz Hoer an e schwaarze Baart. En dréit laang schwaarz Stiwwele mat engem roude Kleed, dat eppes ewéi e rosat Fell huet[onkloer]. Amplaz vun Hänn huet hie rout Zaangen.
  • Mojo Jojo:De Mojo Jojo ass ee vun de bekanntste Béisen zu Townsville. Hie war mol dem Professer Utonium säin Assistent, mä ass bei engem Accident an en Af verwandelt ginn. Et ass e gréngen Af duer, mat schwaarzem Pelz[onkloer]. Säi Kostüm ass blo a wäiss. Hien dréit och en Helm, dee wäiss ass a mof Sträifen huet.[2]

Zeechestil änneren

D'Powerpuff Girls si relativ kleng an hunn en iwwerproportional grousse Kapp an iwwerproportional grouss faarweg Aen. Déi Detailer sollen dat Feminiint, dat Onschëllegt an dat Frëndlecht ausdrécken.

Déi dräi Hoerfaarwen an déi dräi Frisuren, déi d'Blossom, d'Bubbles an d'Buttercup hunn, solle fir eng bestëmmten Individualitéit a Perséinlechkeet stoen. Et ginn dräi Frisure gedroen, déi als typesch universell Frisuren ugesinn ginn: Laang Hoer, Wutzen oder kuerz Hoer. Déi laang rout Hoer déi d'Blossom huet, sollen en neutrale Charakter duerstellen, mee awer och e staarke Wëllen an dKontroll iwwer d'Entscheedungen. Meeschtens gi rout Hoer mat Temperament verbonnen. Déi blond Hoer am Wutz, déi d'Bubbles huet, solle fir Naivitéit an dat Feminiint stoen. Dacks ginn déi blond Hoer als Schéinheetsideal ugesinn. Déi kuerz schwaarz Hoer, déi d'Buttercup huet, sollen d'Temperament, d'Stäerkt an d'Aggressivitéit representéieren.

Den Zeechestil gouf och ganz bewosst ausgewielt am Hibléck op den neie Feminismus, deen an de spéiden 80er bis ufanks 90er opkoum. Deemools goufe vill Saachen typesch meederchershaft duergestallt, an de Craig McCracken wollt unhand vu klenge jonke Meedercher, déi séiss, onschëlleg a frëndlech ausgesinn, weisen, datt och déi staark a couragéiert kënne sinn, an dofir zoustänneg sinn, ze kämpfen an hir Stad ze retten.[3]

Synchronisatioun änneren

Rolle Original Däitsch Versioun
Bubbles Tara Strong Cathlen Gawlich
Buttercup Elizabeth Daily Ilona Brokowski
Blossom Cathy Cavadini Ghadah Al-Akel
Professor Utonium Tom Kane Norbert Langer
Mojo Jojo Roger L. Jackson Michael Pan
Hien Tom Kane Stefan Gossler
De Buergermeeschter Tom Kenny Friedrich Georg Beckhaus

[4]

Episoden änneren

Et gëtt sechs Staffele vun den originale Powerpuff Girls, déi zanter 2001 op Cartoon Network ausgestraalt goufen. Déi éischt Episod ass den 18. November 1998 diffuséiert ginn an d'Serie koum de 25. Mäerz 2005 op en Enn. Am Ganze ware bis 2005 78 Episode publizéiert ginn.[5]

An anere Medien änneren

Anime änneren

D'Powerpuff Girls sinn an der Tëschenzäit och a Japan adaptéiert ginn. Se heeschen do Powerpuff Girls Z. Vill Aspekter vun der originaler Serie goufe bäibehalen. Si sinn och do duerch d'Chemikalie X entstanen a kämpfen nach ëmmer géint de Mojo Jojo. Wat awer geännert huet, ass, datt si erwuesse goufen, an datt se Waffe bei sech hunn.[6] D'Blossom heescht do Momoko Akadutsumi, d'Bubbles heescht Miyako Gotokuji an d'Buttercup heescht Kaoru Matsubara. Se hunn äänlech Eegenschafte wéi fréier a gläiche sech och vum Ausgesinn.[7] Den Anime Powerpuff Girls Z ass duerch eng Kollaboratioun vu Cartoon Network, Toei Animation, Aniplex an TV Tokyo entstanen.[6]

Film änneren

2002 ass, op eng Iddi vum Craig McCracken hin, bei Warner Bros. Pictures e Film iwwer d'Powerpuff Girls erauskomm. En dauert eng an eng Véierel Stonn a gëtt zu de Genren Aktioun, Aventure, Animatioun, Kanner a Famill a Komedie gerechent. De Film huet 11 Milliounen Dollar kascht.[8]

Comics änneren

An de fréien 2000er Joren, bis 2006, hunn DC Comics och Comics iwwer d'Powerpuff Girls erausbruecht.

Zanter 2004 publizéiert de Victor Ngo e Webcomic iwwer d'Powerpuff Girls Doujinishi op Snafu Comics[onkloer]. D'Blossom, d'Bubbles an d'Buttercup hunn nach ëmmer déi selwecht Charakteren, mä si lo erwuessen. An deem Webcomic kommen och vill aner Figuren aus anere Comics vir. De Comic geet a Richtung vun engem Manga, an d'Säite si komplett faarweg. Et gëtt mat Spannung an Humor erzielt, wéi d'Haaptfigure géint dat Béist kämpfen, awer och déi Erfarungen, déi s'als Jugendlech gemaach hunn. Mat deem Webcomic huet de Victor Ngo 2005 bei de Web Cartoonist's Choice Awards an der Kategorie Outstanding Character Art an Outstanding Superhero Comic gewonnen.[9]

Videospiller änneren

Et goufe vill verschidde Videospiller zu der Serie Powerpuff Girls erausbruecht. Dat éischt ass de 14. November 2000 op de Marché komm. Et ass d'Spill The Powerpuff Girls: Bad Mojo Jojo Tech Info. Dëst Spill hat net vill Erfolleg an huet extreem schlecht Kriticke kritt.[10] Dono sinn nach weider Spiller erauskomm, wou ëmmer eent vun de Powerpuff Girls am Fokus steet a géint ee bestëmmte Béise kämpft, wéi zum Beispill The Powerpuff Girls: Paint the Townsville green[11] oder The Powerpuff Girls: Battle Him[12]. Méi spéit sinn nach vill weider Spiller erauskomm, an deenen et ëm déi dräi Powerpuff Girls geet, déi zesumme géint déi Béis kämpfen. D'Bewäertunge vun deene Spiller ware mol negativ, mol positiv. Ee Beispill dofir wär The Powerpuff Girls: Mojo Jojo A-Go-Go.[13] Dat Spill mat de beschte Bewäertunge war The Powerpuff Girls: HIM and Seek, dat2002 erauskoum. Dora geet et drëms, géint déi Béis vun Townsville ze kämpfen.[14] Méi spéit sinn och Spiller fir de Computer erauskomm. Dozou ziele Powerpuff Girls: Mojo Jojo Clone Zone[15], The Powerpuff Girls: Princess Snorebucks[16], The Powerpuff Girls: Mojo Jojo's Pet Project[17], an The Powerpuff Girls: Gamesville[18].

Auszeechnungen änneren

D'Powerpuff Girls goufen e puermol fir d'Emmy Awards an d'Annie Awards nominéiert an hunn der och e puer gewonnen: 2000 an 2005 huet d'Serie den Emmy-Award fir Outstanding Individual Achievement in Animation gewonnen.[19] 2001 huet s'och dräi Annie-Awards, fir Outstanding Individual Achievement for Production Design in an Animated Television Production, fir Outstanding Individual Achievement for Music Score a fir Animated Television Production gewonnen.[20]

Literatur änneren

Knight, Gladys L., Female Action Heroes: A Guide to Women in Comics, Video Games, Film, and Television (Greenwood Press, 2010)

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. https://www.imdb.com/title/tt0175058/plotsummary?ref_=tturv_ql_stry_2%7Ctitel: Handlung
  2. https://web.archive.org/web/20140218034614/http://www.cartoonnetwork.com/tv_shows/ppg/characters/index.html
  3. Knight, Gladys L., Female Action Heroes: A Guide to Women in Comics, Video Games, Film, and Television (Greenwood Press, 2010)
  4. Archive copy Gearchiveerd op 2019-12-23. Gekuckt de(n) 2019-12-23.
  5. https://www.imdb.com/title/tt0175058/episodes?year=1999
  6. 6,0 6,1 https://archive.ph/20120911070300/http://blog.sfgate.com/culture/2006/07/10/powerpuff-girls-re-anime-ted/
  7. https://web.archive.org/web/20140116101146/http://www.cartoonnetworkasia.com/minisite/ppgz/characters.php
  8. https://archive.ph/20120913174512/http://www.rottentomatoes.com/m/powerpuff_girls_movie/#selection-1488.0-1488.5
  9. https://web.archive.org/web/20120910031221/http://www.comicbooked.com/webcomic-review-powerpuff-girls-doujinshi/
  10. https://web.archive.org/web/20121109061346/http://www.gamespot.com/the-powerpuff-girls-bad-mojo-jojo/techinfo/platform/gbc/
  11. https://www.ign.com/games/the-powerpuff-girls-paint-the-townsville-green
  12. https://web.archive.org/web/20121109092537/http://www.gamespot.com/the-powerpuff-girls-battle-him/platform/gbc/
  13. https://www.gamespot.com/the-powerpuff-girls-mojo-jojo-a-go-go/reviews/powerpuff-girls-mojo-jojo-a-go-go-review-2837304/
  14. https://m.ign.com/articles/2002/12/09/powerpuff-girls-him-and-seek
  15. Archive copy Gearchiveerd op 2012-10-28. Gekuckt de(n) 2019-12-23.
  16. https://www.ign.com/games/the-powerpuff-girls-learning-challenge-2-princess-snorebucks
  17. https://web.archive.org/web/20110424110216/http://allgame.com/game.php?id=36826
  18. https://www.ign.com/games/the-powerpuff-girls-gamesville
  19. https://web.archive.org/web/20121013011916/http://www.emmys.com/shows/powerpuff-girls
  20. https://web.archive.org/web/20130102052242/http://annieawards.org/29th-annie-awards