Wikipedia:Artikel/Linken

Op dëser Säit weise mir Iech, wéi Dir Artikelen ënnerenee verlinke (verbanne) kënnt. Fir méi Informatioune kuckt och d'Säit → Hëllef:Linken.

Linke bannent enger Wiki

änneren

Wéi Dir bestëmmt scho gesinn hutt, sinn d'Artikele vu Wikipedia ënnerenee verlinkt. D'blo Faarf heescht datt et déi Säit scho gëtt, e roude Link weist op eng Säit, déi nach ze maachen ass (vun Iech?).

E Link gëtt mat der Wiki-Syntax [[Numm vum Artikel]] gemaach, egal op et den Artikel scho gëtt oder net.

Heiansdo ass den Titel vum Artikel awer ongënschteg am Saz deen Dir grad schreift. Do hëlleft Iech follgend Syntax: [[Numm vum Artikel|Text dee soll gewise ginn]] . De vertikale Stréch ( | ) kritt een, andeems een den "Alt"-Knäppchen dréckt a gläichzäiteg "124" mat den numeresche Knäppercher antippt.

E puer Remarquen iwwer d'Linken :

  • Passt op d'Grouss- a Klengschreiwung op. [[Artikel Gëtt Et Net]] ass net dat selwecht wéi [[Artikel gëtt et net]]  ;
  • Passt och op d'Homonymiefäll op a vergewëssert Iech, datt Dir op déi richteg Säit linkt.

Linken op Wikien an anere Sproochen

änneren
  00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

Zanter dem Mäerz 2013 stinn d'Interwikilinken dat heescht Linken op den Artikel an enger anerer Sprooch am zentralen Daterepertoire Wikidata. Wann Dir den Artikel fäerdeg geschriwwen an ofgespäichert hutt, dat steet lénks an der Këscht "An anere Sproochen - Linken änneren". Wann der dorop klickt da kommt der direkt bei d'Wikidata (wou der Iech eventuell nei alogge musst). Hei geet et elo drëm, e Link op Ären neien Artikel ze setzen: Sicht bei "Search" nom Artikelnumm an enger anerer Sprooch (am beschten Englesch oder Däitsch, do ass d'Waarscheinlechkeet am héchsten datt et e scho gëtt). Klickt dann ënnen, bei der Lëscht vun de Linken op aner Sproochen, op "add" a setzt e Link op Ären neien Artikel dobäi. Heifir schreift Dir einfach lénks bei "site" d'Ofkierzung "lb" fir déi lëtzebuergesch Wikipedia, a sicht déi dann eraus, a bei "article" schreift Dier den Numm vun Ärem Artikel, a späichert schlussendlech of ("save"). Fir datt d'Lëscht vun den Interwikilinken och lénks nieft Ärem Artikel ugewise gëtt, waart einfach e puer Deeg bis de Server sech vum selwen à jour gesat huet, oder forcéiert en dozou andeems der bei Ärem Artikel op "Änneren" an direkt duerno ouni wierklech eppes geännert ze hunn op "Säit späicheren" dréckt.

Felicitatioun, Dir hutt Ären éischten Artikel geschriwwen!

P.S.: Wann dat mat deem Gelinks an aner Sproochen ze vill komplizéiert kléngt, kënnt Der dat bei Ären éischten Artikele gär ewech loossen. En anere Wikipedianer kuckt da bei Geleeënheet no. Wann Dir bis d'Gewunnecht hutt, mierkt Dir awer geschwënn, datt dat keng Hexerei ass.