Jim Davis (Comicszeechner)

amerikanesche Comicszeechner

Den James Robert ("Jim") Davis, gebuer den 28. Juli 1945 zu Marion am Indiana, ass en US-amerikanesche Comicszeechner , deen d'Comicserie mam Kueder Garfield erfonnt huet an zeechent.

Jim Davis
Gebuertsnumm James Robert Davis
Gebuer 28. Juli 1945
Marion
Nationalitéit USA
Educatioun Ball State University
Aktivitéit Dréibuchauteur, Comicauteur, Televisiounsproduzent, Filmregisseur

Liewen änneren

Den James Davis huet als Kand op enger klenger Farm gelieft. Wéinst senger deierlecher Gesondheet huet hien dacks missen doheem bleiwen, wou hien d'Zäit mat Zeechne verbruecht huet. 1964 ass hien op d'Ball State University zu Muncie gaangen, wou hie Konscht an Économie politique studéiert huet. Do huet hie seng éischt Fra Carolyn kennegeléiert.

Well hien zeechneresch talentéiert war, huet hien ufanks an enger Publicitéitsagence geschafft. Duerno huet hien 1969 als Assistent beim Comiczeechner Tom Ryan geschafft. Seng éischt Comicfigur war de Kiewerlek Gnorm Gnat. Deen hat net deen erwënschte Succès, sou datt den Davis sech entscheet huet, eng nei Comicfigur z'erschafen[1].

Well et vill Comics mat engem Hond als Haaptfigur gëtt, mee keng mat enger Kaz, a well hien als Kand vill Kazen hat, huet den Davis de Kueder Garfield erfonnt, eng Mëschung aus all de Kazen, déi hie jeemools hat. Domat huet säi Succès ugefaangen. Den 19. Juni 1978 goufen an 41 amerikaneschen Zeitunge seng Comics verëffentlecht. Bis haut ass de Comic Garfield a ronn 2.500 Zeitunge publizéiert ginn a steet domat am Guinnessbook of World Records[2].

Wéinst der grousser Beléiftheet vum Garfield huet den Davis Paws Inc gegrënnt[1], déi sech ëm d'Lizenze vum Merchandising ronderëm de Comic këmmert. Well de Garfield méi dacks verfilmt gouf, gouf den Jim Davis fir 10 Emmyen nominéiert an huet der dovu véier gewonnen. Den Davis huet och d'Professor Garfield Foundation gegrënnt, fir de Kanner Wëssen op eng spilleresch Aart a Weis bäizebréngen. Hir Websäit léiert se z. B. den Ëmgank mam Computer, Mathematik, Naturwëssenschaften a soss vill méi[3].

Um Spaweck änneren

Commons: Jim Davis (Comicszeechner) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 http://garfield.com/jim-davis
  2. http://mentalfloss.com/article/59797/20-things-you-might-not-know-about-garfield
  3. Archive copy Archivéiert op 2018-12-31. Gekuckt de(n) 2018-12-30.