Beetebuerger Schlass

Schlass aus dem 18. Joerhonnert, haut Märei vun der Gemeng Beetebuerg
Dësen Artikel iwwer eng Buerg oder e Schlass ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


Dat haitegt Beetebuerger Schlass, och Collart-Schlass genannt, ass 1733-1734 vun der Koppel Lothaire de Zievel an Appoline-Agnés-Elise de Haagen zur Motten gebaut ginn. D'Famill de Zievel aus der Äifel hat zanter dem spéide 16. Joerhonnert grouss Lännereien zu Beetebuerg. D'Schlass war och geduecht fir d'Lännereien z'exploitéieren an ass eng Zort Mëschung tëscht Schlass an Haff.

Beetebuerger Schlass
D'Collart-Schlass zu Beetebuerg
Typ Schlass,
Gemengenhaus
Land Lëtzebuerg
Gemeng Beetebuerg
Plaz Beetebuerg
Koordinaten 49°31'2"N, 6°5'48"O
Statut Klasséiert Monument

D'Schlass, dat vun den de Zievel un d'Hohenzollern-Hechingen verierft gi war, gouf 1807 vum Charles Joseph Collart vun Dummeldeng kaaft. Et ass wärend méi wéi 150 Joer am Besëtz vun dëser Famill bliwwen, déi zu Beetebuerg och gläich iwwer e puer Generatiounen d'Buergermeeschtere gestallt hunn.

1968 gouf d'Schlass op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationalmonument klasséiert[1]. De 16. Februar 1971 ass et vum Auguste Collart-Weber un d'Beetebuerger Gemeng verkaaft ginn[2]. D'Renovatioun vum Schlass gouf 1992 ofgeschloss. Zanterhier ass d'Beetebuerger Märei am Schlass.

Am Schlass ass och d'Konschtgalerie Galerie d'art Maggy-Stein ënnerbruecht.

Literatur

änneren
  • Helbach, Jos, 2009. Der private Großgrundbesitz in Luxemburg im 19. Jahrhundert. Seine Entwicklung und sein Schicksal. [Beetebuerger Schlass S. 135]

Referenzen

änneren
  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).
  2. Cf. Helbach 2009 an der Literatur.