Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Émile Hammerel, gebuer de 26. Mäerz 1930 zu Beetebuerg, a gestuerwen den 3. Juni 1994 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergesche Lokalpolitiker.

Émile Hammerel
Schëld op der Bréck

Hie war vum 1. Januar 1964 bis den 31. Dezember 1981 Member vum Beetebuerger Gemengerot a vum 1. Januar 1976 bis de 26. Abrëll 1979 Buergermeeschter vun där Gemeng.[2]

Fir un hien z'erënneren, gouf eng Bréck zu Beetebuerg, d'Emile-Hammerel-Bréck, no him geannnt.


Referenzen

änneren
  1. Den Emile Hammerel op luxracines.lu
  2. Stroosseschëld op der Bréck