De Märchepark Beetebuerg, offiziell Parc Merveilleux, fir vill Leit awer besser bekannt ënner dem Numm "Beetebuerger Park", ass e Fräizäit- an Déierepark op der N13 zu Beetebuerg (route de Mondorf).

D'Entrée mam Keessenhaische vum Märchepark (2006)
D'Symbol vum Märchepark zu Beetebuerg, de Ris dee schléift

De Park, dee vu Mäerz/Abrëll bis an den Oktober eran op ass, huet eng zirka 25 ha grouss Fläch, déi zu engem groussen Deel mat Beem besat ass. De Park adresséiert sech un d'ganz Famill a bitt Attraktioune fir all Altersklass:

  • 8 Haisercher an deene Märercher erzielt ginn
  • verschidde Spillplazen, deelweis mat Waasser, fir Kanner vun all Alter
  • Minigolf
  • verschidde Karussellspiller (Miniautoen, Minizuch, Pony-Express)

De Märchepark ass och deen eenzege gréisseren Déierepark zu Lëtzebuerg. Et kann een zirka 200 verschidden Déierenaarte vu 5 Kontinenter gesinn, dorënner zum Beispill och Polarwëllef, Pinguinen, Wäschbieren a Känguruen. Et gëtt zwee Déieregeheeger wou ee kann duerchgoen, Mahajanga mat Déieren (a Planzen) vu Madagaskar an Amazonia mat Déieren aus der Amazonasgéigend. An engem Minizoo kënne Kanner direkte Kontakt ophuele mat Geessen a se dobäi och fidderen.

Fir den Honger an Duuscht gëtt et eng Cafeteria an e Restaurant mat Terrass.

Vum Park gëtt ganzjäreg eng Zooschoul bedriwwen, déi vu Schoulklasse ka benotzt ginn fir de Kanner duerch Féierunge, kleng Spiller an Experimenter méi genee Erklärungen zu den Déieren ze bidden.[1]

Pro Dag (2013) besichen am Duerchschnëtt 5.000 - 6.000 Leit de Park[2].

Geschicht änneren

De Märchepark existéiert zanter 1956 zu Beetebuerg. De 17. Mee 1956 gouf en offiziell opgemaach. 1999 gouf de Park vun der APEMH iwwerholl an zanterhier op alle Pläng ausgebaut. Dobäi sinn och eng ganz Rei Aarbechts- a Formatiounsméiglechkeeten fir déi vun der Organisatioun betreit handicapéiert Mënschen entstanen.

Direkt nom Zweete Weltkrich war, do wou haut de Park ass, e Lager fir däitsch Krichsgefaangen déi bis 1947 an der Rekonstruktioun hu missen hëllefen[3].

Um Spaweck änneren

Commons: Märchepark Beetebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Bettemburger "Parc merveilleux" kennt keinen Winterschlaf op Wort.lu
  2. Bettemburger Märchenpark startet am Samstag in neue Saison op Wort.lu
  3. Monument am Wëllemslach, Dokumentatiounsblat vun der Gemeng Conter bei Geleeënheet vun der Aweiung vun enger Erënnerungsplack den 9. Oktober 2021., Auteur Joseph Lorent