Laurent Zeimet

Lëtzebuergesche Politiker

De Laurent Zeimet, gebuer den 12. Oktober 1974, ass e lëtzebuergesche Jurist, Journalist an CSV-Politiker.

Laurent Zeimet
Gebuer 12. Oktober 1974
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit vu Köln,
Universitéit Panthéon-Sorbonne
Aktivitéit Politiker, Journalist
Partei CSV
Member vun Syndicat des villes et communes luxembourgeoises
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Hien ass an enger Beetebuerger Bäckerfamill opgewuess an huet säi Secondairesstudium am Lycée Robert-Schuman an am Kolléisch an der Stad gemaach. Duerno huet hien Droit zu Paräis an zu Köln studéiert. Vun 2004 bis 2012 war hie Redakter fir Innepolitik beim Luxemburger Wort.[1]

Zanter dem 14. November 2011 ass hie Buergermeeschter vun der Gemeng Beetebuerg.[2]

Hie war vu Mäerz 2012[3] bis Januar 2019[4] Generalsekretär vun der CSV.

De 4. November 2014 ass hien, als Folleg vu senger Kandidatur bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013, op d'Plaz vum Jean-Claude Juncker dee President vun der Europäescher Kommissioun gouf, als Deputéierten an d'Chamber 'nogerëtscht'.[5]

De Laurent Zeimet ass bestuet an huet eng Duechter an e Fils.

Virgänger Generalsekretär vun der CSV Nofollger
Marc Spautz 2012 - 2019 Félix Eischen

Um SpaweckÄnneren

ReferenzenÄnneren

  1. Forum N° 249, S. 49
  2. Datum vun der Vereedegung op http://www.gouvernement.lu
  3. "CSV: Laurent Zeimet neie Generalsekretär." RTL.lu - 10.03.2012, 08:44 | Fir d'lescht aktualiséiert: 10.03.2012, 19:20.
  4. "De Frank Engel mat 54% neie Parteipresident." rtl.lu, 26.01.2019.
  5. "Juncker geht, Wiseler bleibt." Luxemburger Wort, 1.10.2014, S.2.