Expropriatioun
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun den Droits-Artikelen. Dës Explikatioune bezéie sech am Prinzip just op dat lëtzebuergescht Recht. Ënner Ëmstänn goufen déi lescht Changementer an der Legislatioun an/oder der Jurisprudenz nach net berécksiichtegt. Et handelt sech och net ëm e juristesche Rot, mä ëm eng vereinfacht Duerstellung fir Laien. A konkreete Fäll soll ee sech ëmmer un en Affekot wennen! |
Dësen Droitsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Mat Expropriatioun oder Enteegnung bezeechent een d'juristescht Ewechhuele vun der Proprietéit vun enger beweeglecher oder onbeweeglecher Saach duerch de Staat, am Kader vun engem Gesetz a géint eng Entschiedegung.
Als Begrënnung fir eng Expropriatioun ziele meeschtens verkéierstechnesch, militäresch oder aner Grënn am Wuel vun der Allgemengheet.
Als juristesch Basis fir d'Expropriatioun zu Lëtzebuerg zielt e Gesetz vum 15. Mäerz 1979 wat duerno nach e puermol ugepasst gouf[1].
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren- Gaston Vogel, 2002, L'expropriation pour cause d'utilité publique am Lëtzebuerger Land Nr. 40 vum 4. Oktober 2002, S. 13/14
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Loi du 15 mars 1979 sur l'expropriation pour cause d'utilité publique op legilux.lu, dem Droitsportal vun der Lëtzebuerger Regierung (gekuckt den 28. Februar 2018)