Neiduerf/Weimeschhaff

Ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg
(Virugeleet vu(n) Weimeschhaff)

Neiduerf/Weimeschhaff ass den offiziellen Numm vun engem vun de 24 Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg. E läit am Nordoste vun der Haaptstad a besteet aus den Uertschaften Neiduerf a Weimeschhaff.

Neiduerf/Weimeschhaff
En ëmgebaut Gebai vun der fréierer Neiduerfer Funcke-Brauerei
An anere Sproochen fr: Neudorf/Weimershof
de: Neudorf/Weimershof
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Buergermeeschter Lydie Polfer (DP)
Awunner 6.760
  31.12.2022
Fläch 248,93 ha
Héicht 349,6 m
Koordinaten 49° 37’ 14’’ N
      06° 09’ 45’’ O
D'Gebai vun der Brasserie Henri Funck (2012), dat haut ofgerappt ass

Geographie änneren

Neiduerf/Weimeschhaff grenzt am Norden un de Kierchbierg an dann, am Sënn vun der Auer, un d'Gemeng Nidderaanwen an d'Quartieren Zens a Clausen.

De Quartier huet eng Fläch vun 248,93 ha a läit op enger Héicht tëscht 249,20 an 349,60 m.

Awunner änneren

Op den 31.12.2022 hunn am Quartier Neiduerf/Weimeschhaff 6.760 Leit gewunnt, wouvun 23,96 %; Lëtzebuerger waren, géintiwwer 76,04 % Auslänner[1].

Awunner no Nationalitéit (31.12.2022)
Rang Nationalitéit Awunner Undeel
TOTAL 6 760 100,00
1   Lëtzebuerg 1 620 23,96
2   Frankräich 874 12,93
3   Portugal 589 8,71
4   Italien 542 8,02
5   Spuenien 363 5,37
6   Däitschland 244 3,61
7   Belsch 221 3,27
8   Indien 187 2,77
9   Polen 174 2,57
10   Rumänien 154 2,28
Top 10 4 968 73,49
Aner Nationalitéiten 1 792 26,51

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Neiduerf/Weimeschhaff – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Stad Lëtzebuerg, La ville en chiffres - État de la population au 31.12.2022.