De Jean-Pierre Knepper, gebuer den 8. Mee 1851 zu Kielen, gestuerwen de 27. Juli 1929 an der Stad, war e lëtzebuergeschen Architekt an Amateur-Historiker.

Jean-Pierre Knepper
Gebuer 8. Mee 1851
Gestuerwen 27. Juli 1929
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Architekt

No sengem Lycée an der Stad geet de Jean-Pierre Knepper op Oochen op den Technikum studéieren.

1878 gëtt hien Distriktsarchitekt zu Dikrech. Hie bleift op dëser Plaz bis zu senger Pensioun, 1921. An deenen 43 Joer huet hien net manner wéi 75 Kierchen a Kapelle gebaut a restauréiert, dorënner och déi vu Rëmeleng an Hamm.

Do donieft huet hien och geschriwwen a publizéiert, zum Beispill iwwer archeologesch Fënner zu Berbuerg, d'Originne vun der Veianer Buerg, hëlze Plaffongen an de Kierchen, asw.

Hie war ee vun de Grënnungsmembere vum Cercle artistique de Luxembourg.

Gielchen änneren

Literatur änneren

  • Gilbert, P., 1986. La capitale et ses architectes: illustration critique de l'architecture dans la métamorphose d'une ville en un siècle. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul. BNL LB 1061, S. 155
  • Philippart, R., 2007. Luxembourg. Historicisme et identité visuelle d'une capitale. 207 S. éditions saint-paul. ISBN 978-2-87963-694-8, S. 106

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Memorial N°50 vum 23. Juli 1904 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen