Fédération luxembourgeoise de football

(Virugeleet vu(n) FLF)

D'Fédération luxembourgeoise de football, gekierzt FLF, ass den nationale Verband vun de Foussballsveräiner zu Lëtzebuerg.

Fédération luxembourgeoise de football
Ofkierzung FLF
Sëtz 148, rue de Limpach
L-3932 Monnerech
President Paul Philipp
Generalsekretär Joël Wolff
Member vu(n) COSL, UEFA, FIFA
Websäit http://www.flf.lu/

D'FLF ass 1908 gegrënnt an de 18. Oktober 2006 am Handelsregëster als ASBL registréiert ginn[1].

Se huet hire Sëtz an der Foussballsschoul zu Monnerech an ass Member vum COSL, vun der FIFA (zënter dem 13. Mäerz 1910) an der UEFA (zënter dem 15. Juni 1954).

Geschicht änneren

Den 9. Dezember 1906 gouf op Initiativ vum John Roeder, Engleschprofesser an der Escher Industrie- an Handelsschoul, deen éischten offizielle Foussballclub zu Lëtzebuerg, de Football and Lawn-Tennis Club Esch/Alzette, kuerz Fola Esch, gegrënnt. Déi sëllege Veräinsgrënnungen an de Méint a Joren duerno, Clibb déi nom Beispill vun der Fola uechter d'ganz Land entstane sinn, waren a sinn d'Basis vum organiséierte Foussball a senger Federatioun zu Lëtzebuerg.

 
De Sëtz vun der FLF

D'Foussballfederatioun gouf den 22. November 1908 als Fédération des sociétés luxembourgeoises de sports athlétiques (FSLSA) gegrënnt. D'FSLSA huet sech ufanks net nëmmen ëm de Foussball bekëmmert, mä war an engems och nach fir d'Liichtathletik, de Vëlossport an d'Schwammen do.

Déi alleréischt Lizenz krut 1909 den Alphonse Weicker.

An de Joren 1909/1910 gouf dat éischt nationaalt Championnat gespillt. Champion ass deemools de Racing Club Lëtzebuerg[2] ginn. Nëmmen e Joer drop, den 29. Oktober 1911 stoung fir d'éischt Kéier eng lëtzebuergesch Selektioun an engem offizielle Lännermatch um Terrain. De Frëndschaftsmatch géint Frankräich goung mat 1-4 (1-2) an der Stad verluer.

D'Coupe de Luxembourg ass 1922 fir d'éischt gespillt ginn a gouf alt erëm vum Racing Club Lëtzebuerg gewonnen. Domat ass de Racing net nëmmen éischte Champion, mä och éischte Coupegewënner an der Geschicht vum lëtzebuergesche Foussball.

Vun 1928 u war d'FSLSA nëmme just nach fir de Foussball zoustänneg, an den 13. Mäerz 1930 gouf se dunn op hiren haitegen Numm gedeeft.

Mam Zweete Weltkrich an der däitscher Okkupatioun vum Land war u keng national Federatioun méi ze denken. 1941 gouf d'FLF vun de Nazien opgeléist. Am Kader vun der Assimilatiouns- a Germaniséierungspolitik goufen d'Veräiner aus der ieweschter Divisioun an de Fußballgau Mosel agegliddert an hir Nimm sinn agedäitscht ginn.

No der Liberatioun gouf d'FLF nei gegrënnt an d'Ëmbenennunge si réckgängeg gemaach ginn. 1944/1945 konnt nees en éischt improviséiert Championnat gespillt ginn, d'Coupe de la libération.[3]

1946 ass de FIFA Kongress, deen éischten zanter 1938, zu Lëtzebuerg ofgehale ginn.

1954 war d'FLF war ee vun de Grënnungsmembere vun der UEFA.

An de Joren 1963/64 huet d'Nationalekipp international iwwerrascht andeems s'et bis an d'Véierelsfinall vun der Europameeschterschaft 1964 gepackt hat. Ee vun de grousse Spiller vun deemools, de Louis Pilot gouf 2004 vun der FLF als beschte lëtzebuergesche Foussballspiller vun de leschte 50 Joer gewielt.

E gudde Laf hat d'Nationalekipp och uganks bis Mëtt vun den 1990er Joren. An der Qualifikatiounsronn 1994/95 fir d'Europameeschterschaft 1996 an England gouf et dräi Victoiren, ee Remis an zesummen 10 Punkten an der Grupp. Duerno ass et, op d'mannst wat d'Resultater ugeet, géi de Bierg agaangen. Tëscht 1995 an 2007[4] konnt kee Match méi gewonne ginn, an d'Lëtzebuerger waren an der FIFA-Weltranglëscht am fräie Fall.

D'Fro vun der Integratioun vun de sougenannte „portugisesche Clibb,“ Clibb déi en eegent, vun der Fédération des associations portugaises à Luxembourg (FAPL) organiséiert, inoffiziellt Championnat zu Lëtzebuerg spillen, huet Enn vun den 1990er Jore fir vill Diskussiounen an der FLF, de Medien an an der Politik gesuergt. Am Juni 1999 huet FLF-Generalversammlung géint d'Demande an de Bäitrëtt vun de FAPL-Clibb gestëmmt. Haaptsträitpunkt an der Affär war, datt dës Clibb keen eegenen (exklusiven) Terrain hätten, wéi et an den FLF-Statute verlaangt gëtt.[5]

D'Dammechampionnat gëtt, mat zwou laangen Ënnerbriechungen, zanter 1972 gespillt (éischte Champion: FC Atert Biissen). Sou richteg an d'Rulle komm ass de Fraefoussball zu Lëtzebuerg awer eréischt uganks vum 21. Joerhonnert. An der Saison 2001/2002 gouf eng national Coupe fir d'Dammen, d'Coupe de Luxembourg agefouert. Éischte Coupegewënner bei den Damme war de Progrès Nidderkuer. Fir d'Championnat 2006/2007 waren ewell 18 Ekippen ugemellt an d'Zuel vun de Lizenze bei den Damme louch am November 2006 scho bei 622.[6]

Am Juni 2003 gouf d'Dammennationalekipp gegrënnt. Den éischte Lännermatch an enger offizieller Kompetitioun war den 18. November 2006 géint d'Slowakei (0-4) am Kader vum Qualifikatiounstournoi zu Lëtzebuerg fir d'Fraefoussball-Europameeschterschaft 2009 a Finnland.[7]

Nieft der Entwécklung vum Dammefoussball engagéiert sech d'FLF an de leschte Jore besonnesch fir jonk Talenter. En Haaptuleies dobäi konnt 2000/2001 realiséiert ginn: d'Grënnung vun enger Foussballschoul. Mam Centre de formation national (CFN) zu Monnerech ass zanter 2003 och déi néideg Infrastruktur dofir do.

Vum 3. bis de 14. Mee 2006 war d'Foussballeuropameeschterschaft vun den U17 zu Lëtzebuerg. Et war dat gréisst eenzelt Evenement dat d'FLF bis ewell organiséiert huet. Anengems hat d'lëtzebuergesch U17-Nationalekipp, als automatesch qualifizéierte Representant vum Organisatiounsland, d'Chance bei enger internationaler Endronn op héchstem Niveau matzespillen.

Kompetitiounen änneren

Championnat vun de Senioren (Éischt Ekippen)
Spillklass Hierarchie vun den Divisiounen
1 Nationaldivisioun (BGL Ligue)
2 Éierepromotioun
3 Éischt Divisioun
Bezierk 1 - Bezierk 2
4 Zweet Divisioun
Bezierk 1 - Bezierk 2 - Bezierk 3
5 Drëtt Divisioun
maximal 14 Ekippen

Championnater änneren

Championnater ginn de verschiddenen Alterskategorien (Seniors- a Jugendchampionater), éischten an zweete Veräinsekippen no gespillt.

  • Championnater vun de Senioren: Championnat fir éischt Seniorsekippen (5 Divisiounen), Championnat fir zweet Seniorsekippen (Senior-Reserven, 4 Klassen) an en Dammechampionat (2 Ligaen).
  • Jugendchampionater an den Alterskategorië Juniors, Cadets, Scolaires, Minimes, Poussins, Pupilles a Bambinis.

An der Saison 1995/1996 ass d'Dräipunktereegel agefouert ginn. Zanterhier gëtt et fir all Victoire dräi amplaz zwéi Punkten. Wa gläich gespillt gëtt, da kritt all Ekipp ee Punkt.

Eng nei „Auslännereegel“ gouf fir d'Saison 2006/07 agefouert. All éischt Seniorsekipp muss op hirer feuille de match op d'mannst siwe Spiller stoen hunn déi entweeder d'Lëtzebuerger Nationalitéit hunn oder awer hir éischt Spillerlizenz vun der FLF kritt hunn. Et däerfen en plus nëmme maximal véier transferéiert Spiller um Rapport vum Match stoen.

Zanter 2007/08 huet d'Nationaldivisioun e Sponsor, d'Banque générale du Luxembourg (BGL). Nodeem d'Bank och d'Nummrechter vun der Liga kaaft huet, gëtt déi iewescht Klass zanterhier als BGL Ligue kommerzialiséiert.

Couppen änneren

Déi wichtegst national Coupekompetitioun ass d'Coupe de Luxembourg bei de Fraen an de Männer. Aner national Couppe sinn d'Coupe du Prince (Juniors), Coupe des Cadets, Coupe des seniors-réserves.

Tournoien änneren

Den Nationale Foussballdag zu Ettelbréck, grousst Foussballfest mat Tournoien an Animatiounsprogramm fir déi Klengst (Bambinis bis Scolaires) gëtt et zanter 1988.

D'FLF organiséiert och Tournoien am Futsal fir d'Jugend- an d'Dammenekippen (Futsalscoupe).

Nationalekippen änneren

Nieft dem A-Kader vun der Männer- a Dammennationalekipp ass d'FLF fir d'national Selektiounen an den Alterskategorien U21, U19, U17, U15 an U13 responsabel.

Soss änneren

Zu Lëtzebuerg gëtt och e Championnat am Betribsfoussball gespillt. Et gëtt vun der hallefautonomer FCL (Football corporatif luxembourgeois) an enker Zesummenaarbecht mat der FLF organiséiert.

Centre de formation national änneren

 
De CFN mat den Trainingsterrainen

De Sëtz vun der FLF an d'national Foussballschoul sinn am Centre de formation national (CFN) zu Monnerech. D'Offiziell Ouverture vum gutt equipéierten Zenter war den 10. September 2003[8]. Nieft den administrativen Tätegkeete ginn um CFN Reuniounen a Stagen ofgehalen, trainéiert a Matcher gespillt.

Lëtzebuerger Jugendfoussball änneren

  00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

D'FLF huet och eng eege Foussballschoul, zu Monnerech. Dobäi ginn d'Bouwen am Alter vun 12-13 Joer fir d'Nationalekipp ënner 13 Joer selektionéiert, déi sougenannt U13. Duerno komme si fir zwee Joer an d'U15. Déi gëtt vum Guy Hellers trainéiert. Den aktuelle Kapitän vun der U15 ass de Philippe Frieden vum FC Swift Hesper. No dësen zwee U15-Joer ginn d'Jonge fir zwee weider Joer an d'U17, wou se am Normalfall hir éischt Lännermatcher spillen. Den aktuellen Trainer vun der U17 ass den Tobias Zölle, de Kapitän de Joel Pedro vum CS Sedan (Fr.). No zwee weidere Joer an der U19 an eventuell an der U21 kommen d' A-Nationalekippespiller nëmmen nach all zwou Wochen eng Kéier zesummen, duerch d'Ausbildung an hire jonke Jore gi si dem Nationaltrainer Guy Hellers awer méi e grousse Choix fir ze selektionéieren.

Organisatioun änneren

D'FLF ass responsabel fir d'Organisatioun an d'Reglementatioun vum Foussball am Lëtzebuerger Land. Si arrangéiert national Kompetitioune fir hir Clibb (Championnater, Coupen an Tournoien) an organiséiert déi verschidde Foussballnationalekippen.

Si ass mat 32.541 Lizenzen an 108 Veräiner (30. Juni 2011)[9] déi gréisst Sportsfederatioun zu Lëtzebuerg.

Traineren änneren

D'Trainere vum A-Kader sinn:

Fréier Traineren änneren

Presidenten änneren

De President vun der FLF ass zënter dem 14. Februar 2004 de Paul Philipp

Fréier Presidenten änneren

Membere vun der FLF[12] änneren

Um Spaweck änneren

  • (fr) flf.lu Offiziell Websäit vun der FLF

Referenzen an Notten änneren

  1. Am Handelsregëster (lbr.lu) ënner der Nummer F5980 agedroen
  2. De Racing Club ass 1923 mam Sporting Club zu der CA Spora fusionéiert, d'Spora selwer ass 2005 mat zwee anere Clibb zum Racing FC Union Lëtzebuerg zesummegaangen.
  3. Numm a Spillmodus vun der Coupe de la libération hu just fir d'Saison 1944/45 gegollt. Champion gouf deemools Stade Diddeleng.
  4. De 7. Februar 2007 huet d'Nationalekipp e Frëndschaftsmatch géint Gambi mat 2-1 (0-1) zu Hesper gewonnen, déi éischt Victoire zanter 1995!
  5. Weider Informatiounen (haaptsächlech op Portugisesch) um Site O Folhetim da Integração
  6. An der Saison 1999/2000 waren et der nëmmen 12. Quell: Le Football Féminin au Luxembourg (PDF)
  7. De Qualifikatiounstournoi war e grousse Succès fir Lëtzebuerg. D'Dammenekipp koum an hirer éischter Kompetitioun op eng gutt zweet Plaz. Artikel op uefa.com: Luxembourg look good for future
  8. Den CFN gouf deelweis vun der FIFA am Kader vum Goal-Projet matfinanzéiert. Source FIFA: Goal Project 2003 (PDF)
  9. Info vun flf.lu (Stand: 30. Juni 2011)
  10. (en)Fédération Luxembourgeoise de Football - Luxembourg - Rout Léiwen. www.flf.lu. Gekuckt de(n) 2023-12-21.
  11. (en)Fédération Luxembourgeoise de Football - Luxembourg A - Rout Léiwinnen. www.flf.lu. Gekuckt de(n) 2023-12-21.
  12. FLF Extranet. extranet.flf.lu. Gekuckt de(n) 2023-12-21.