FC Luna Uewerkuer
FC Luna Uewerkuer
Veräinsfaarwen: Rout-Schwaarz
Grënnung: 1932
Stadion: Stade Jaminet
Plazen: 1.500[1]
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Éischt Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Zweet Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Ersatzuniform

Den FC Luna Uewerkuer ass e Foussballclub zu Uewerkuer, deen am Joer 1932 vu Biergleit gegrënnt gouf.

Geschicht änneren

Dem Radio 100,7 no gouf den Numm vum Club esou gewielt:

D'Mineure souzen op enger Cafés-Trap a wollten e Veräi grënnen. A si woussten net sou richteg, wéi si e sollten nennen. An et ware vill Italieener ënner hinnen. Si souzen do, wéi iergendwann ee vun hinne gesot: Hei kuck emol, et ass Vollmound. Firwat soe mir net einfach: la Luna? An esou war den FC Luna Uewerkuer gebuer.[2]

Well et deemools mam CS Uewerkuer schonn e Foussballveräin zu Uewerkuer gouf, konnt den FC Luna net an d'Lëtzebuerger Foussballfederatioun (FLF) opgeholl ginn. Dowéinst ass en der Fédération Sportive Ardennaise (FSA) bäigetrueden, an där en an den 1930er Bezierksmeeschter a Champion ginn ass. Bannent dräi Joer krut de Club an der FSA 12 Coupen an 13 Trouschtpräisser.

Mat der däitscher Besatzung vu Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich gouf de Club 1940 opgeléist. Nom Krich konnt dat fréiert Spillfeld 1945 net méi benotzt ginn an d'Firma Cockerill huet der Ekipp hiren Tipp zur Verfügung gestallt, dee fir d'éischt awer vun Dosende Fräiwëllegen huet musse gebotzt ginn a vum 1. Juli 1945 un als Foussballterrain gedéngt huet.

Den 20. Abrëll 1946 ass den FC Luna dunn endlech an der FLF opgeholl ginn. De Club huet seng Leeschtung progressiv verbessert an 1955 ass déi éischt Ekipp Meeschter an der 2. Divisioun ginn.

1957 huet de Club d'Erlabnes verluer, um Terrain vun der Firma Cockerill weiderzespillen. E konnt duerno nach ee Joer lang op engem Terrain hannert dem Café Courtois spillen, éier deen och opgekënnegt gouf. D'Spiller vum FC Luna kruten d'Autorisatioun, mat hire Lizenzen fir aner Ekippen ze spillen, well de Club ouni Terrain aus der Meeschterschaft ausgeschloss gi war. Speider huet sech d'Méiglechkeet erginn, beim Flouer Korspronk eng schif Wiss platt ze maachen. Dat gouf dunn och gemaach an den Terrain krut den Numm Stade Jaminet. De Vestiaire an d'Beliichtung huet d'Gemengeverwaltung bäigesteiert. Trotzdeem huet et nach dräi Joer gedauert, éier den FC Luna nees an d'FLF sollt opgeholl ginn. Den neien Terrain gouf de 14. an de 15. August 1966 feierlech ageweit.[3]

Den 20. Oktober 2018 ass d'Presidentin vum FC Luna Uewerkuer, d'Carine Nardecchia, als éischt Fra an de Verwaltungsrot vun der FLF gewielt ginn.[2]

Presidenten änneren

  • 1932-1940: Jean Klein
  • 1946-1947: Bruno Nati
  • 1947-1948: Gino Menghi
  • 1948-1959: Nic Bertemes
  • 1963-1966: Nic Hoffmann
  • 1966-1967: Tiv Possenti
  • 1967-1993: Jos genannt Felti Nardecchia
  • 1993-1995: Victor Silva
  • 1995-1997: Jean-Paul Nardecchia
  • 1997-2000: Pierre Biever
  • 2000-2003: Gilbert Kintziger
  • [President onbekannt]
  • ?-elo: Carine Nardecchia

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. De Stade Jaminet op www.europlan-online.de
  2. 2,0 2,1 100komma7.lu: Gebrauch vu Subside méi staark kontrolléieren (2. November 2018)
  3. Déifferdang Magazin, N°11, 2006, S. 16