Den FC Kielen (offiziell: FC Kehlen) ass e lëtzebuergesche Foussballclub vu Kielen deen 1946 gegrënnt gouf. D'Veräinsfaarwe si rout a schwaarz. De Veräi spillt seng Heemmatcher am Stadion Albert Berchem, deen nom fréiere Buergermeeschter vun der Gemeng Kielen Albert Berchem benannt ass.

FC Kielen
Offiziellen Numm: Football Club Kehlen
Veräinsfaarwen: Rout-Schwaarz
Grënnung: 1946
Stadion: Stadion Albert Berchem,
Kielen
Plazen: 1 200 Stéiplazen an 500 iwwerdeckten Sëtzplazen
President: Fred Keup
Trainer: Francesco Controguerra
Liga: 1. Divisioun
Saison: 2016/2017
Positioun: 1. Divisioun 1. Bezierk, 9. Plaz
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Éischt Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Zweet Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Ersatzuniform
Kielener Supporter beim Barragematch géint den CSO 2003

Erfolleg änneren

Den gréissten Erfolleg an der Veräinsgeschicht waren déi 2 Barragematcher 2003 an 2007 fir den Opstig an d'Foussball Éierepromotioun. 2003 huet den FC Kielen 0-1 géint den CS Uewerkuer verluer an 2007 0-2 géint den FC CeBra 01.

Bekannt Spiller änneren

Déi bekanntst Spiller déi beim FC Kielen ugefaangen hunn, sinn de Jeff Saibene, de Manou Scheitler, de Joël Pedro, de Luca Duriatti de Luc Biver an de Matthew De Cae.

Statistik änneren

An der 1. Divisioun huet den FC Kielen bis elo 321 Matcher gespillt, 112 Matcher gewonnen, 529 Goler geschoss a 595 Goler geschoss kritt.

An der 2. Divisioun huet den FC Kielen bis elo 495 Matcher gespillt, 197 Matcher gewonnen, 967 Goler geschoss an 964 Goler geschoss kritt.

An der 3. Divisioun huet den FC Kielen bis elo 295 Matcher gespillt, 139 Matcher gewonnen, 771 Goler geschoss a 697 Goler geschoss kritt.

An der 4. Divisioun huet den FC Kielen bis elo 236 Matcher gespillt, 103 Matcher gewonnen, 657 Goler geschoss a 615 Goler geschoss kritt.

Am Ganzen huet den FC Kielen zanter 1946 1347 Matcher gespillt, dovu 551 gewonnen (41 %), 217 gläichgespillt a 579 verluer. 2624 Goler si geschoss ginn, an 2871 krut en der geschoss.

Déi schlechst Saison war 1969/70 mat 1 gewonnene Match. D'Konsequenz war déi lescht Plaz an der 4. Divisioun.

Wou den FC Kielen bis elo gespillt huet:
Divisioun Saisonen
Nationaldivisioun 0
Éierepromotioun 0
1. Divisioun 16
2. Divisioun 22
3. Divisioun 15
4. Divisioun 12

Um Spaweck änneren