FC Monnerech
FC Monnerech | ||||
Offiziellen Numm: | Football Club Mondercange | |||
---|---|---|---|---|
Grënnung: | 1933 | |||
Stadion: | Stade Communal, Monnerech | |||
Plazen: | 3 304 | |||
President: | José Dhur | |||
Trainer: | Dinis De Sousa (zanter August 2022) | |||
Liga: | Foussball BGL League | |||
Saison: | 2023/2024 | |||
Positioun: | BGL League, 12. Plaz | |||
|
Den FC Monnerech (offiziell F.C. Mondercange) ass e lëtzebuergesche Foussballclub vu Monnerech a gouf 1933 gegrënnt.
De Veräi spillt seng Matcher am Stade Communal zu Monnerech. De Stade huet Plaz fir 3 304 Leit dovu sinn 254 Sëtzplazen a 50 Stéiplaze gedeckt.
Éischt Seniorsekipp
ännerenD'éischt Seniorsekipp vu Monnerech huet an den 80er Joren nach an der zweeter, 1985/86 souguer nach drëtter Divisioun gespillt. Vun uganks der 90er un ass et dunn -mat e puer Réckschléi- de Bierg op gaangen. Nodeem den Opstig 1989/90 an d'éischt Divisioun gepackt war, klemmt Monnerech schonn an der Saison drop (1990/91) an d'Éierepromotioun, ka sech do awer net behaapten a fält direkt erëm eraus.
Tëscht 1994/95 an 1997/98 sinn déi Monnerecher nees an der Éierepromotioun a vun 1998/99 bis 2003/04 spillt de Club fir d'éischt Kéier an der Veräinsgeschicht an der Nationaldivisioun.
Enn der Saison 2005/06 gewënnt Monnerech als Drëttplazéierten aus der Éierepromotioun de Barragematch géint de Leschten aus der Nationaldivisioun, den Avenir Beggen, mat 3-2 (no Verlängerung) an ass domat avancéiert. Monnerech konnt sech awer net halen a spillt 2007/08 nees zweetklassesch. 2009/10 war den FC Monnerech du nees éischtklassëg, konnt awer um Enn vun der Saison d'Klass leider net halen.
Nationale Palmarès
änneren- Finalist (2x): 1999, 2000
Europäesch Kompetitiounen
ännerenSaison | Kompetitioun | Ronn | Land | Club | Resultat |
---|---|---|---|---|---|
1999/00 | UEFA Cup | Q | Dinamo Bukarest | 2-6, 0-7 |
{{{1}}}
Dammenekipp
ännerenMonnerech war ee vun den éischte Veräiner am Land déi eng Dammenekipp hat. D'Ekipp gouf 1975/76 Champion am Dammechampionat. Am Ament (Abrëll 2007) huet de Club keng Dammenekipp ugemellt.
Nationale Palmarès
änneren- Champion (1x): 1976
- Vizechampion (1x): 1985
Veräiner an der Foussball Éierepromotioun 2019/20 | |||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|