Swift Hesper
Swift Hesper
Offiziellen Numm: Football Club Swift Hesper
Veräinsfaarwen: Rout-Wäiss
Grënnung: 2. Juli 1916
Stadion: Stade Alphonse Theis
Plazen: 4 100
President: Fernand Laroche
Trainer: Serge Wolff
Saison: 2022/23
Positioun: 1. Plaz
Websäit: (fr) www.swifthesper.lu
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Éischt Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Zweet Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Ersatzuniform

Den FC Swift Hesper (offiziell F.C. Swift Hesperange) ass e lëtzebuergesche Foussballclub vun Hesper. E besteet zanter dem 2. Juli 1916. D'Veräinsfaarwe si rout a wäiss.

1984/85 war en Tournant[1] an der Veräinsgeschicht vun Hesper. D'éischt Seniorsekipp ass no zwou Saisonen an der Éierepromotioun an d'Nationaldivisioun geklomm a konnt sech do bis 1991/92 behaapten.

1993/94 gléckt den Hesper zwar de Retour an d'iewescht Spillklass, dofir si se an den zwou Saisonen drop dunn awer direkt zweemol hannereneen, bis an d'éischt Divisioun, zeréckgefall. De Veräin erkritt sech séier a klëmmt 1996/97 an d'Éierepromotioun. Zanter der Saison 2001/02 ginn zu Hesper nees Nationaldivisiounsmatcher gespillt.

De gréisste Succès vum Swift war d'Victoire géint d'AS Déifferdeng (3-3 n.V. 7-1) an der Finall vun der Coupe de Luxembourg 1989/1990.

D'éischt Ekipp spillt hir Matcher am Stade Alphonse Theis zu Hesper. De Stade huet Plaz fir 4 100 Spectateuren. Dovu si 600 Sëtzplazen op der Tribün an 3 500 Stéiplazen op de Gradinsën a laanscht d'Clôture. Aner Terrainë sinn den alen Terrain um Holleschbierg an en drëtt, méi klengt Spillfeld mat syntheeteschem Wues.

Nationale Palmarès änneren

Coupe de Luxembourg:

  • Gewënner (1x): 1990

Europäesch Kompetitiounen änneren

Saison Kompetitioun Ronn Land Club Resultat
1990/91 EP Pokalgewënner VR   Legia Warschau 0-3, 0-3

VR: Virronn

Referenzen an Notten änneren

  1. Mëtt der 70er bis an d'Hallschent vun den 80er Joren "houng" de Swift reegelrecht tëscht den Divisiounen. Opstig an d'Éierepromotioun: 1976, 1978, 1981, 1983; Ofstig an d'éischt Divisioun: 1977, 1980 an 1982.
  Veräiner an der Foussball Éierepromotioun 2019/20   
Jeunesse Kanech | US Esch | FC RM Hamm Benfica | Swift Hesper | FC Jeunesse Jonglënster | UN Käerjeng 97 | FC Mamer 32 | FC Blo-Wäiss Miedernach  | Union Mäertert-Waasserbëlleg | US Rëmeleng | FC Monnerech | FC Alisontia Steesel | Yellow Boys Weiler zum Tuer | FC Wolz 71