FC Déifferdeng 03

lëtzebuergesche Foussballclub
FC Déifferdeng 03
Logo vum FCD03
Offiziellen Numm: fr: Football Club Differdange 03
lb: Football Club Déifferdeng 03
Spëtznumm: FCD03
Veräinsfaarwen: Rout, Schwaarz, Wäiss
Grënnung: 2003
Stadion: Stade Municipal de la Ville
de Differdange
, Déifferdeng
Plazen: 3 800
President: Fabrizio Bei
Trainer: Pascal Carzaniga
Liga: BGL Ligue
Saison: 2021/22
Positioun: 2.
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Éischt Uniform
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Zweet Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Ersatzuniform

Den FC Déifferdeng 03 ass e lëtzebuergesche Foussballclub vun Déifferdeng. De Veräin ass 2003 aus der Fusioun vun den Déifferdenger Clibb FA Red Boys Déifferdeng an AS Déifferdeng entstanen.

Veräiner an der Zäit änneren

Red Boys Déifferdeng änneren

 
Red Boys Déifferdeng

D'F.A. Red Boys Differdange gouf 1907 als Sporting Club Differdange gegrënnt a war ee vun den erfollegräichste Foussballclibb zu Lëtzebuerg. D'Red Boys war véieranzwangegmol an der Finall vun der Coupe de Luxembourg an huet se fofzéngmol gewonnen. De Veräi war sechsmol Lëtzebuerger Champion an eelefmol Vizechampion.

AS Déifferdeng änneren

 
AS Déifferdeng

D'A.S. Déifferdeng (Association Sportive Differdange) gouf 1921 gegrënnt an huet hir éischt Saison 1922/23 gespillt. 1940 huet de Veräi den Numm op FK Rotstern Differdingen missen änneren. D'Joer drop (1941) gouf de Club du vun den Nationalsozialiste ganz verbueden an opgeléist. 1944 ass d'AS Déifferdeng nei gegrënnt ginn.

An hirer leschter Saison 2002/03 koum d'éischt Seniorsekipp op eng sechst Plaz an der éischter Divisioun.

Stadien änneren

  • Stade Municipal de la Ville de Differdange:

De Stade Municipal de la Ville de Differdange zu Déifferdeng ass den Heemstadion vum FC Déifferdeng 03 an huet Plaz fir 2.400 Leit, dovu sinn 1.800 Sëtzplazen op der Tribün. Nieft dem Haaptterrain sinn op dësem Site nach e weidere Wues- an ee syntheeteschen Trainingsterrain.

  • Stade Thillebierg:

E weidere Stadion ass de Stade du Thillenberg, wou den FC Déifferdeng bis 2012 seng Heemmatcher ausgedroen huet.

Erfolleger änneren

  • Gewënner vun der Coupe de Luxembourg 2010 (1-0 géint den CS Gréiwemaacher)
  • Gewënner vun der Coupe de Luxembourg 2011 (1-0 géint den F91 Diddeleng)
  • Gewënner vun der Coupe de Luxembourg 2014 (2-0 géint den F91 Diddeleng)[1]
  • Gewënner vun der Coupe de Luxembourg 2015 (4-3 n.E. (1-1) géint den F91 Diddeleng)[2]

Europäesch Kompetitiounen änneren

Zanter der Saison 07/08 huet den FC Déifferdeng 03 mat deels gudde Resultater un europäesche Kompetitiounen deelgeholl. Nom éischten Optrëtt am UI-Cup geint Slovan Bratislava gouf et de 16. Juli 2009 déi éischt Victoire op internationaler Bün geint d'Kroate vun HNK Rijeka am Stade Josy Barthel. Ab der Saison 11/12 huet den FCD dunn Historesches erreecht. Als éischte lëtzebuergesche Veräin huet d'Ekipp aus der Cité du fer et fäerdeg bruecht, sech dräi Joer hannerenee fir eng weider Ronn an der Europa League ze qualifizéieren. Héichpunkt waren no der Disqualifikatioun vun Olympiakos Volos déi zwéi Matcher géint Paris Saint-Germain (18.08.2011 an 25.08.2011) an der Play-Off Ronn vun der Europa League. De gréissten Erfolleg war awer d'Weiderkomme geint d'Profie vum FC Utrecht an der Saison 13/14.[3],[4]

Saison Kompetitioun Ronn Géigner Land Resultat
2017/18 Europa League Quali 1R Zirə FK Aserbaidjan 0-2, 1-2
2016/17 Europa League Quali 1R Cliftonville FC Nordirland 1-1, 0-2
2015/16 Europa League Quali 2R Trabzonspor Tierkei 0-1, 1-2
2015/16 Europa League Quali 1R Bala Town FC Wales 3-1, 1-2
2014/15 Europa League Quali 1R Atlantas Klaipeda Litauen 1-0, 1-3
2013/14 Europa League Quali 3R Tromsø IL Norwegen 0-1, 3-4 n.E.
2013/14 Europa League Quali 2R FC Utrecht Holland 2-1, 3-3
2013/14 Europa League Quali 1R KF Laçi Albanien 1-0, 2-1
2012/13 Europa League Quali 2R KAA Gent Belsch 0-1, 2-3
2012/13 Europa League Quali 1R NSI Runavik Färöer 3-0, 3-0
2011/12 Europa League Play-Off Paris Saint Germain Frankräich 0-4, 0-2
2011/12 Europa League Quali 3R Olympiakos Volos Griicheland 0-3, 0-3*
2011/12 Europa League Quali 2R Levadia Tallinn Estland 0-0, 1-0
2010/11 Europa League Quali 2R FK Spartak Zlatibor Serbien 3-3, 0-2
2009/10 Europa League Quali 2R HNK Rijeka Kroatien 1-0, 0-3
2007/08 UI-Cup 1R Slovan Bratislava Slowakei 0-2, 0-3

* Duerch d'Disqualifikatioun vun Olympiakos Volos ass Déifferdeng 03 an d'Play-Off Ronn komm

Kader änneren

(Quell: offiziell 2017/18[5])

Gol Ofwier Mëttelfeld Ugrëff
FRA  Julien Weber (K)
LUX  Patrick Worré
LUX  Erkan Agovic
BEL  David Vandenbroeck
BEL  Tom Sibenaler
LUX  Tom Schnell
FRA  Alexandre Laurienté
FRA  Bryan Mélisse
LUX    Clayton de Sousa
FRA  Mickael Garos
COD  FRA  Rodrigue Dikaba
AGO  POR  Stélvio Cruz
LUX  Ricardo Couto Pinto
  BEL  Sofian Benzouien
GER  GRE  Niko Dobros
GER  Mario Pokar
GER  Dominik Stolz
LUX  POR  Joël Pedro
BGR  GER  Edisson Jordanov
BEL    Yassine Benajiba
ITA  Omar Natami
LUX  Danel Sinani
LUX  Antonio Luisi
  FRA  Omar Er Rafik
LUX  Dave Turpel
BAS  Sanel Ibrahimović
POR    Bertino Cabral Barbosa

Trainer änneren

Futsal änneren

Säit 2014 gëtt et och eng FC Déifferdeng 03 Futsalekipp. D'Heemmatcher gi gespillt an der Haal vum Centre sportif Parc des Sports direkt nieft dem Stade Municipal. Den FCD03 war 2015 éichte Lëtzebuergesche Landesmeeschter am Futsal.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. http://www.rtl.lu/sport/football/538214.html
  2. http://www.rtl.lu/sport/football/637310.html
  3. http://www.wort.lu/fr/sport/europa-league-differdange-s-offre-le-scalp-du-fc-utrecht-51f17b5ce4b0866b3401cda2
  4. http://www.transfermarkt.de/de/fc-differdange-03/startseite/verein_11914.html
  5. http://www.fcd03.lu/index.php?site=page&id=roster&tid=49