Handelsregëster (Lëtzebuerg)

ëffentleche Repertoire

Den Handelsregëster zu Lëtzebuerg, offiziell Registre de commerce et des sociétés, gekierzt RCS oder RCSL[1], ass den ëffentleche Repertoire an deem d'Handelsgesellschaften, d'Associatiounen, d'Stëftungen an d'ASBLen asw. hir Detailer op Basis vum Gesetz vun 2002 publizéiere mussen[2].

Allgemenges änneren

Follgend Entitéite musse sech am Handelsregëster aschreiwe loossen:

  1. Geschäftsleit (commerçant personne physique),
  2. Handelsgesellschaften (société commerciale),
  3. Wirtschaftlech Interessevereenegungen (Groupement d'intérêt économique),
  4. Europäesch wirtschaftlech Interessevereenegungen (Groupement européen d'intérêt économique),
  5. Filiale vun auslännesche Entreprisen déi zu Lëtzebuerg gegrënnt goufen,
  6. Zivilgesellschaften (société civile),
  7. ASBLen (association sans but lucratif),
  8. Stëftungen (fondation),
  9. Associatioun fir Zousazpensiounen (association d'épargne pension),
  10. Landwirtschaftlech Associatioun (association agricole),
  11. ëffentlech Etablissementer (établissement public),
  12. aner moralesch Persoune fir déi eng Inscriptioun vum Gesetz virgesinn ass.

Am Gesetz ass genee festgeluecht wat fir eng Donnéeën ageschriwwe musse ginn. Et handelt sech haaptsächlech (bei juristesche Persounen) ëm den Numm, de Gesellschaftszweck, d'Rechtsform, d'Adresse vum Gesellschaftssëtz, de Montant vum Gesellschaftskapital, d'Detailer iwwer d'Geranten oder d'Administrateuren, de Grënnungsdatum, d'Informatiounen iwwer eng eventuell Fusioun mat anere Gesellschaften, asw.

Fir d'Geschäftsleit muss och alles wat mam Contrat de mariage, mat engem geriichtleche Verbuet fir Handel ze bedreiwen, enger Tutelle oder Curatelle ze dinn huet op d'mannst an Auszich publizéiert ginn. Am Handelsregëster muss och alles wat mat enger Faillite, enger Gestion contrôlée, enger Liquidatioun asw. ze dinn huet ageschriwwe ginn.

Identifikatiounsnummer änneren

Jiddwer Persoun déi am Handelsregëster ageschriwwe gëtt, kritt eng eendeiteg alphanumeresch Identifikatiounsnummer déi aus engem eenzele Buschtaf an enger Zuel besteet. De Buschtaf seet aus, zu wat fir enger Kategorie d'Persoun gehéiert:

Sektioun Kategorie Beispill
A Geschäftsleit A22345 Ketty Maus
B Handelsgesellschaften an Assurance-Mutuellen B4466 Société Anonyme Paul Wurth
C Wirtschaftlech Interessevereenegungen C24 Luxembourg Business Registers
D Europäesch wirtschaftlech Interessevereenegungen D91 People Primetime Groupe
E Zivilgesellschaften E1234 City 1356
F ASBLen F11166 Wikimedia Lëtzebuerg
G Stëftungen G38 Caritas Lëtzebuerg
H Landwirtschaftlech Associatiounen H4 Luxlait
I Associatioune fir Zousazpensiounen I3 Luxembourg Pension Fund
J Ëffentlech Etablissementer J41 Chambre de Commerce

Geschicht änneren

Ursprong änneren

Den éischten Handelsregëster zu Lëtzebuerg gouf mam Gesetz vum 23. Dezember 1909 gegrënnt a bestoung vum 1. Januar 1910 un ënnert dem Numm Registre de commerce[3] oder Registre aux firmes[4]. Et gouf en eegene Regëster pro Bezierksgeriicht (Lëtzebuerg an Dikrech). Jiddwer Eenzelen a jiddwer moralesch Persoun déi Handel bedriwwen huet an all Handelsgesellschaft huet sech misse mam Numm, Virnumm, Uertschaft, Objet, asw. androe loossen.

De Regëster stoung ënnert der Autoritéit an der Opsiicht vum President vun Handelsgeriicht an de Preposé vum Regëster war de Greffier vum jeeweilege Bezierksgeriicht[4].

 
Auszuch aus dem Mémorial C-1 vun 1996

Den Handelsregëster bestoung am Fong aus dräi Deeler, an zwar aus:

  • dem analytesche Buch ((fr)livre analytique oder registre aux firmes) dat an zwou Sektiounen opgedeelt war: d'Sektioun A fir d'Geschäftsleit an d'Sektioun B fir d'Handelsgesellschaften;
  • dem livre-journal, e Buch dat a chronologescher Reiefolleg a mat enger lafender Nummer pro Joer gefouert gouf;
  • dem alphabetesche Repertoire.

1987 ass d'Bezeechnung « Registre aux firmes » duerch « Registre de commerce et des sociétés » ersat ginn[5].

D'Inscriptiounen aus dem analytesche Buch goufen tëscht 1996 an 2016 als Extrait am Mémorial C (Recueil des sociétés et associations) publizéiert.

Gesetz vun 2002 änneren

Enn 2002 gouf d'Gesetz vun 1909 ofgeschaaft an duerch en neit ersat[2]. De Regëster steet vun elo un ënnert der Opsiicht vum Justizminister an d'Gestioun gëtt vun enger wirtschaftlecher Interessevereenegung ((fr)Groupement d'intérêt économique) iwwerholl, déi speziell fir dësen Zweck vum Lëtzebuerger Staat zesumme mat der Handels- an Handwierkskummer gegrënnt gouf[6].

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Luxembourg Business Registers.

Den 1. Juni 2016 gouf de Mémorial C (Recueil des sociétés et associations) ofgeschaaft an e gouf duerch de « Recueil électronique des sociétés et associations » (RESA) ersat[7].

Referenzen an Notten änneren

  1. Registre de commerce et des sociétés Luxembourg
  2. 2,0 2,1 Loi du 19 décembre 2002 concernant le registre de commerce et des sociétés ainsi que la comptabilité et les comptes annuels des entreprises. legilux.public.lu (19.12.2002). Gekuckt de(n) 04.10.2020.
  3. Loi du 23 décembre 1909 portant création d'un registre aux firmes. data.legilux.public.lu (23.12.1909). Gekuckt de(n) 04.10.2020.
  4. 4,0 4,1 Arrêté grand-ducal du 23 décembre 1909 concernant l'exécution de la loi sur le registre aux firmes. legilux.public.lu (23.12.1909). Gekuckt de(n) 04.10.2020.
  5. Loi du 26 avril 1987 modifiant la loi du 23 décembre 1909 portant création d'un registre de commerce et des sociétés.. legilux.public.lu (26.04.1987). Gekuckt de(n) 04.10.2020.
  6. Règlement grand-ducal du 23 janvier 2003 portant exécution de la loi du 19 décembre 2002 concernant le Registre de commerce et des sociétés ainsi que la comptabilité et les comptes annuels des entreprises. legilux.public.lu (23.01.2003). Gekuckt de(n) 04.10.2020.
  7. Règlement grand-ducal du 27 mai 2016 modifiant 1. le règlement grand-ducal modifié du 23 janvier 2003 portant exécution de la loi du 19 décembre 2002 concernant le registre de commerce et des sociétés ainsi que la comptabilité et les comptes annuels des entreprises (...). legilux.public.lu (27.05.2016). Gekuckt de(n) 04.10.2020.