Henri Roemer

lëtzebuergesche Foussballspiller an DP-Politiker.

Den Henri Roemer, gebuer de 26. November 1951 a gestuerwen de 25. Oktober 2020[1], war e lëtzebuergesche Foussballspiller[2], Foussballfonctionnaire, Mediemanager a Politiker (DP)[3].

Henri Roemer
Gebuer 26. November 1951
Gestuerwen 25. Oktober 2020
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller, Politiker, Manager
Veräin/Ekipp Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp

Liewen änneren

Den Henri Roemen huet op der Université libre de Bruxelles an dunn op den Hautes Ecoles de Relations Internationales zu Paräis studéiert.[4]

Hie war ë. a. vun 1981 bis 1988 Lëtzebuerger Konsul zu Paräis[4], an huet bei der CLT geschafft, wou hie gehollef huet, den hollänneschen RTL Programm opzebauen, deem säin Direkter e war. Hie war och an eng Zäit am Verwaltungsrot vum RTL Plus[3].

Hie war Foussballspiller bei Etzella Ettelbréck, FC Wolz 71 an Aris Bouneweg[3] an huet tëscht dem 7. Oktober 1972 am 27. Mäerz 1976 5-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[5] Eng Blessur um Been huet senger Foussballercarrière en Enn gesat.

Vun 1998 bis 2004 war den Henri Roemer President vun der Fédération luxembourgeoise de football, dono vum FC Wolz. Hie war Member vum Exekutivcomité vun der UEFA an tëscht 2001 an 2006 Member vun der Commissioun Juridique vun der FIFA.[3]

Wierker änneren

  • Henri Roemer: Europa: Idee und Wirklichkeit. Luxembourg: Offset Zierden, 1979.
  • Henri Roemer (ed.): Gaston Thorn: 1928 - 2007. Esch-sur-Alzette: Polyprint, 2013. ISBN 978-99959-0-056-4
  • Henri Roemer, Freddy Thyes: Die Erfolgsgeschichte von RTL 4: der wahre Bericht über den Aufbau von RTL Véronique und RTL 4 in Holland, erzählt von den Luxemburger Gründern. Déifferdeng: Éd. Revue, 2015. ISBN 978-99959-45-05-3

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Lëtzebuerger Journal 2020-10-28, S. 10 (Doudesannonce).
  2. Den Henri Roemer op der Websäit vun der Football Database.eu
  3. 3,0 3,1 3,2 3,3 Fréieren FLF-President an DP-Politiker Henri Roemer gestuerwen. rtl.lu (25.10.2020). Gekuckt de(n) 25.10.2020.
  4. 4,0 4,1 "Henri Roemer est décédé." wort.lu, 25.10.2020.
  5. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Henri Roemer op der Websäit vun European Football