Jeunesse Biwer
Jeunesse Biwer
Offiziellen Numm: Football Club Jeunesse Biwer
Veräinsfaarwen: Gréng-Wäiss
Grënnung: 1939
Stadion: Centre Sportif Fancy,
Biwer
Plazen: 800
President: Germain Bruck
Trainer: Pol Crelo
Liga: Zweet Divisioun
Saison: 2012/2013
Positioun: Zweet Divisioun, 9. Plaz
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Éischt Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Zweet Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Ersatzuniform

Den FC Jeunesse Biwer (F.C. Jeunesse Biwer) ass e lëtzebuergesche Foussballclub zu Biwer. De Veräi gouf 1939 gegrënnt. Gespillt gëtt op den Terraine vum Centre Sportif Fancy zu Biwer. Een dovun ass fir d'Championat ugemellt, deen aneren ass just fir d'Frëndschaftsmatcher an ze trainéieren. Op der Tribün ass Plaz fir 200 Leit (Stéiplazen).

D'Jeunesse Biwer ass sportlech éischter an den ënneschten Divisiounen doheem an huet an de leschten dräi Joerzéngte fir de gréissten Deel Zweet Divisioun gespillt. 1983, 1984 an dunn nach eng Kéier 1994 war d'éischt Ekipp an der éischter Divisioun.

Eppes wat éischter seelen am Foussball ass, huet Biwer an der Coupe de Luxembourg 2006/07 fäerdeg bruecht. Als Veräin aus der zweeter Divisioun an der Aachtelsfinall war Biwer schonn nëmme méi deen eenzege Club deen net op d'mannst Éierepromotioun gespillt huet. Nodeem dunn nach mat 1-0 géint CS Uewerkuer (Éierepromotioun) gewonne gouf, stoung Biwer op eng Kéier an der Véirelsfinall vun der Coupe. An der Ronn drop hunn déi Gréng-Wäiss dunn de Nationaldivisiounsveräin UN Käerjéng 97 fäerte gedou. No engem 0-0 no Verlängerung hunn d'Biwer Foussballisten um Enn du mat 3-5 de Kierzere gezunn. Käerjeng ass herno nach bis an d'Finall komm.