Juni

de sechste Mount vun engem Joer
1 2
3 4 5 6 7 8 9
10 11 12 13 14 15 16
17 18 19 20 21 22 23
24 25 26 27 28 29 30

De Juni (Broochmount) ass de sechste Mount am Gregorianesche Kalenner. Et ass och den éischte Mount vum Summer.

Duerstellung vum Juni am Les Très Riches Heures du duc de Berry

Den Numm kënnt aus dem laténgesche junius, an de Mount war zu Éiere vun der réimescher Gëttin Juno, der Fra vum Jupiter benannt.

D'Bezeechnung Broochmount am ale lëtzebuergesche Kalenner geet op de mëttelalterleche Flouerzwang zeréck, no deem d'Baueren Aarbechte wéi d'Plouen, d'Séien oder de Karschnatz all zesummen zu enger bestëmmter Zäit hu missen ufänken, fir datt keen deem Anere queesch iwwer d'Feld fueren oder eppes klaue konnt. Am Broochmount huet also op de Wisen a Felder net däerfte geschafft ginn, se louche brooch bis zum Heemount oder nach duerno dem Karschnatz.

Um Spaweck änneren

Commons: Juni – Biller, Videoen oder Audiodateien
Méint
Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember