Abraham Lincoln

amerikanesche Politiker


Den Abraham Lincoln, gebuer den 12. Februar 1809 zu Hodgenville, Kentucky, a gestuerwen de 15. Abrëll 1865 zu Washington D.C., war en US-amerikanesche Politiker a vun 1861 bis 1865 de 16. President vun de Vereenegte Staate vun Amerika. De 14. Abrëll 1865 huet den John Wilkes Booth, wärend enger Theatervirstellung, vun hannen op hie geschoss. De President Lincoln ass e puer Stonnen duerno u senge schwéiere Blesse gestuerwen.

Abraham Lincoln
Abrahamlincoln.jpg
Funktioun
16. President vun de Vereenegte Staate vun Amerika
Virgänger James Buchanan
Nofollger Andrew Johnson
Partei Republikanesch Partei
Biographie
Gebuer 12. Februar 1809
Gestuerwen 15. Abrëll 1865
Petersen House
Bestuet mat Mary Todd Lincoln
Kanner Edward Baker Lincoln

Säi Mäerder ass no enger wëller Verfollgungsjuegd de 26. Abrëll, eng 30 Meile südlech vu Washington, gestallt ginn an no enger kuerzer Schéisserei vun Zaldoten erschoss ginn.

D'Ermuerdung vum President Lincoln

Um SpaweckÄnneren

Commons: Abraham Lincoln – Biller, Videoen oder Audiodateien