Gustav Niessl von Mayendorff
De Gustav Niessl von Mayendorff, dacks zitéiert als G. von Niessl, gebuer de 26. Abrëll 1839 zu Verona, a gestuerwen den 1. September 1919 zu Hütteldorf bei Wien, war en éisträicheschen Astronom a Mykolog. Säin Autorenkürzel vun de Botaniker a Mykologen ass Niessl.
Gustav Niessl von Mayendorff | |
---|---|
Gebuer |
26. Januar 1839 Verona |
Gestuerwen | 1. September 1919 |
Nationalitéit | Éisträich |
Aktivitéit | Astronom, Universitéitsprofesser, Mykolog, Botaniker |
Member vun | Éisträichesch Akademie vun de Wëssenschaften |
De Niessl huet am Polytechnikum zu Wien studéiert a gouf do 1857 Assistent fir praktesch Geometrie. 1860 gouf hien do Professer fir praktesch Geometrie, Astronomie an héijer Geodesie. Am Joer 1883 gouf hie Regierungsrot an 1902 k.k. Haffrot.
Als Astronom beschäftegt den Niessl sech mat Meteorbunnen an huet och en entspriechenden Artikel an der Enzyklopädie der mathematischen Wissenschaften (1907) geschriwwen. De Niessl war och ee bedeitende Pilzsammler a Mykolog. Seng Sammlung goung un déi Botanesch Staatssammlung vu München.