De Valentine Esegragbo Melvine Strasser gebuer de 26. Abrëll 1967, war vun 1992 bis 1996 Staatspresident vu Sierra Leone.

Valentine Strasser
Gebuer 26. Abrëll 1967
Freetown
Nationalitéit Sierra Leone
Educatioun University of Warwick
Aktivitéit Politiker

Den 29. Abrëll 1992 huet de Capitaine Strasser mat enger Grupp vu jonken Offizéier de President Joseph Saidu Momoh ofgesat an d'Muecht iwwerholl.

D'Ursaach vum Putsch war, datt d'Zaldote keng Pai méi kruten. Dës Grupp huet den National Provisonal Ruling Council gegrënnt, vun deem de Strasser President war.

De Strasser gouf domat ee vun de jéngste Staatscheffe vun der Welt.

E Putschversuch géint hien, dee vun Unhänger vum Momoh ausgaange war, hat kee Succès a 26 Leit déi dra verwéckelt ware goufen higeriicht.

De Strasser gouf de 16. Januar 1996 duerch e Putsch vu sengem Stellvertrieder Julius Maada Bio ofgesat an an den Exil geschéckt.

Um Spaweck änneren