De Victor Rod, gebuer de 26. Abrëll 1950 zu Obeler, ass e lëtzebuergesche Jurist a fréiere Generaldirekter vum Commissariat aux Assurances.

Victor Rod
Gebuer 26. Abrëll 1950
Obeler
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Jurist

Hie war President vum Verwaltungsrot vun der Spuerkeess wou hien duerch de Camille Fohl ersat gouf a Verwaltungsrotmember vun der SES.

De 7. Mäerz 1991 gouf hien an de Staatsrot nominéiert. Den 3. Februar 2006 gouf hie Vizepresident an ass an där Funktioun bliwwe bis säi Mandat am Staatsrot de 7. Mäerz 2009 ofgelaf ass.[1]

Gielchen änneren

Referenzen änneren

  1. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
  2. Rapport d'activité 2001 vum Ministère d'Etat S. 73