Margret Steckel
lëtzebuergesch Schrëftstellerin
D'Margret Steckel-Morsh, gebuer de 26. Abrëll 1934 als Margret Steckel zu Ehmkendorf, an der Gemeng Stubbendorf am Amt Tessin a Mecklenburg, ass eng als Däitsch gebuere lëtzebuergesch Schrëftstellerin.
Margret Steckel | |
---|---|
Gebuer |
26. Abrëll 1934 Rostock |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller |
Member vun | PEN-Zentrum Deutschland, Lëtzebuerger Schrëftstellerverband, A:LL Schrëftsteller*innen |
No hirem Abitur huet si 1955 d'DDR verlooss, an zu West-Berlin en engleschsproochegen Dolmetscherexame gemaach. Domat krut si bei der Twentieth Century-Fox Film Corporation eng Plaz als Assistentin fir Dramaturgie a fir Dréibuch.
Si huet sech 1964 bestuet a war duerno 14 Joer an Irland, an an England. Si huet zwéi Jongen a si wunnt zanter 1983 zu Lëtzebuerg.
Si huet a Kulturzäitschrëften, dem Lëtzebuerger Almanach, der Galerie an an de Westermanns Monatshefter publizéiert.
D'Margret Steckel ass Member am P.E.N.-Zentrum Deutschland.
Auszeechnungen
änneren- 1982: Literaturpreis für Kurzprosa der Hamburger Autorenvereinigung
- 1997: Servais-Präis fir Der Letzte vom Bayrischen Platz
- 2023: Batty-Weber-Präis
- 2024: Lëtzebuerger Buchpräis, Kategorie Literatur, fir Mutterrache
Wierker
änneren- Aus-weg-los, Hamburg: Lamda, 1989. Eng Erzielung.
- Nachttage -ein irisches Intermezzo, München: Ehrenwirt 1993.
- Nie wieder nirgendwo, Bad Münstereifel: Westgrenzverlag 1993.
- Der Letzte vom Bayrischen Platz, Echternach: Éditions Phi 1996. Prix Servais.
- Die Träne aus der Wand, Rostock: Neuer Hochschulschriftenverlag 2000.
- Rosen, Rosen, Dräi Novellen, Echternach: Éditions Phi 2000.
- Die Schauspielerin und ich, Roman, 2003, 392 Säiten, Éditions PHI, Esch-Uelzecht
- Das letzte Konzept, Roman, 2007, Éditions Phi, Esch-Uelzecht. Dëst ass eng Neioplo vum Aus-weg-los
- Auf Rufweite, Erzielung, 2007, Op der Lay, Esch-Sauer
- Servais - Roman einer Familie ; Lëtzebuerg, 'Éditions Guy Binsfeld', 2010; 590 Säiten. ISBN 978-2-87954-228-7
- ...
- Mutterrache. Novelle. Capybarabooks, 2023.
- Doswidanja, Genosse. Erzählung. Capybarabooks, 2024. ISBN 978-99959-43-61-5
Kriticken
änneren- De Jacques Wirion kommentéiert Das letzte Konzept an der Warte Nummer 33/2203 vum 6. Dezember 2007.
- "Gretchen ist keine Siegerin" vum Jacques Wirion am L.L. vum 23.12.07.
Um Spaweck
änneren- "Op Besuch bei der Margret Steckel." 100.komm7.lu, 08. Abr 2021 (Rediff. Interview vun 2008).
- No ART on AIR – Margret Steckel, rtl.lu, 14.12.2024