Marianne Hoppe

däitsch Schauspillerin

D'Marianne Hoppe, gebuer als Marianne Stefanie Paula Henni Gertrud Hoppe de 26. Abrëll 1909 zu Rostock a gestuerwen den 23. Oktober 2002 zu Siegsdorf war eng däitsch Schauspillerin.

Marianne Hoppe
Gebuer 26. Abrëll 1909
Rostock
Gestuerwen 23. Oktober 2002
Siegsdorf
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Ernst-Busch Héichschoul
Aktivitéit Theaterschauspiller, Filmschauspiller
Member vun Bayerische Akademie der Schönen Künste
Famill
Bestuet mat Gustaf Gründgens
Liewenspartner(in) Thomas Bernhard

Si war vun 1936 bis 1946 mam Schauspiller Gustaf Gründgens bestuet.

Bedeitend Filmer an deene si matgespillt huet sinn: Kapriolen (1937) vum Gustaf Gründgens, Romanze in Moll (1943) vum Helmut Käutner a Falsche Bewegung (1975) vum Wim Wenders.

Nom Zweete Weltkrich ass si als Schauspillerin haaptsächlech am Theater opgetrueden, esou zu Düsseldorf am Düsseldorfer Schauspielhaus, zu Hamburg am Deutsche Schauspielhaus, zu Bochum an zu Wien am Burgtheater. Si stoung nach am Alter vun 88 Joer op der Bün.

De Filmregisseur Werner Schroeter huet am Joer 2000 en Dokumentarfilm iwwer hiert Liewe gedréint.

Filmographie änneren

Kino änneren

Um Spaweck änneren