Den Edouard Oster, gebuer de 26. Abrëll 1880 zu Bouneweg an der deemoleger Gemeng Hollerech, a gestuerwen de 27. Oktober 1965 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e Professer, Lycéesdirekter an Historiker.

Edouard Oster
Gebuer 26. Abrëll 1880
Bouneweg
Gestuerwen 27. Oktober 1965
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker

Hien huet, vun 1908 bis 1912, der Prinzessin Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg, der spéiderer Groussherzogin, Privatunterricht ginn.[2]

Vun 1934 bis ufanks vum Zweete Weltkrich war hien Direkter vum Meedercherslycée um Lampertsbierg. 1941 gouf hie vun den däitsche Besatzer zwangspensionnéiert.[3] Bei der Liberatioun huet d'Regierung hien zum Direkter vum Rapatriement ernannt, fir d'Zwangsrekrutéiert, déi nach a sowjetesche Krichsgefaangenelager festgehale goufen, heem ze kréien. Säin eegene Jong blouf op der Ostfront vermësst.

1946 krut hie vun der lëtzebuergescher Regierung den offiziellen Titel "Éierendirekter vum Stater Meedercherslycée".

Den Edouard Oster huet, ënner dem Titel "Die bäuerlichen Besitzverhältnisse vor 300 Jahren", reegelméisseg am Lëtzebuerger Bauere-Kalenner vun 1953 bis 1981 d'"Feuerstättenverzeichnis von 1656" erausbruecht[1]. Zanter 1929 war den Edouard Oster, deen nach aner Publikatiounen opzeweisen huet, Member vun der Section historique vum Institut grand-ducal. Hien ass och ee vun de Grënner vun der Section de linguistique, de folklore et de toponymie (haut Section de linguistique, d'ethnologie et d'onomastique) am Joer 1935.

Um Houwald dréit eng Strooss säin Numm.

Gielercher änneren

Literatur änneren

  • Edouard Marc Kayser, Edouard Oster (1880-1965); in: 400 Joer Kolléisch, Band II: L'Athénée et ses Grands Anciens (1815-1993) ; Lëtzebuerg, Sankt-Paulus-Verlag, 2003; Ss. 339-340.

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 www.roots.lu Archivéiert op 2015-12-26. Gekuckt de(n) 2010-01-18.
  2. Rosemarie Kieffer, "... la première grand-duchesse née sur le sol luxembourgeois...", Artikel am forum N° 112, Juni 1989 Forum n° 112
  3. Lang, Charles, 1967. Le personnel de l'enseignement secondaire et supérieur du Grand-Duché de Luxembourg, 1839-1922. Travail statistique de Félix Heuertz (1922), complété par Charles Lang (1967). Publications du Ministère de l'Éducation nationale, Luxembourg, S. 73.
  4. Odre de la Couronne de chêne Auszeechnungen 1951 Memorial A N° 13 vun 1951 Archivéiert op 2016-03-03. Gekuckt de(n) 2013-01-04.