Thomas Schmit
lëtzebuergesche Foussballspiller
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Olympionik Thomas Schmit. Fir en anere Spiller vun der Foussballnationalekipp mat engem änlechen Numm, kuckt wgl. Thomas Schmitt. |
Den Thomas Schmit, gebuer de 26. Abrëll 1894 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen den 9. August 1944[1], war e lëtzebuergesche Wiert Foussballspiller an Olympionik.[2]
Thomas Schmit | |
---|---|
Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe bei den olympesche Summerspiller vun 1920. V.l.n.r. Jos Koetz, Robert Elter, Emile Hamilius, Thomas Schmit, Michel Ungeheuer, Arthur Leesch, Léon Metzler, Tiny Langers, Camille Schumacher, Jean Massard | |
Gebuer |
26. Abrëll 1894 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
9. August 1944 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Foussballspiller |
Positioun oder Spezialitéit | Ofwierspiller |
Veräin/Ekipp | Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp |
Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1920 zu Antwerpe vertrueden.[3][4]
Tëscht dem 8. Februar 1914 am 4. Mee 1924 huet den Thomas Schmit 4-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[5]
Den Thomas Schmit war mat der Maria Dahm bestuet; d'Koppel ass zesummen den 9. August 1944 zu Bouneweg gestuerwen[1].
Kuckt och änneren
Referenzen änneren
- ↑ 1,0 1,1 (de)Sterbefälle. Escher Tageblatt, 1944. Jg., nº 188, S. 8. (12.08.1944). Gekuckt de(n) 05.03.2024.
- ↑ Den Thomas Schmit op der Websäit vun olympedia org
- ↑ Den Thomas Schmit op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'
- ↑ Olympedia – Thomas Schmit. www.olympedia.org. Gekuckt de(n) 2024-03-05.
- ↑ D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Thomas Schmit op der Websäit vun European Football