Haaptmenü opmaachen
Art template.png Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Den Auguste Wirion

Den Auguste Wirion, gebuer den 1. November 1864 zu Lëtzebuerg-Pafendall, gestuerwen de 26. Abrëll 1940 zu Käerjeng[1], war e lëtzebuergesche Moler.

Bekannt ass, datt hie Landschaftsbiller gemoolt a Portraite gezeechent huet.

Säi LiewenÄnneren

Nom Secondaire an der Industrieschoul um Lampertsbierg an am Stater Kolléisch ass den Auguste Wirion op d'École nationale des arts décoratifs de Paris studéiere gaangen.

1885 koum hien an de Progymnase d'Echternach fir Zeechecoursen ze ginn a krut 1888 do seng Nominatioun als "maître de dessin". An den éischte Jore vu senger Carrière gouf hien nieft sengen Zeechecoursen och fir Gymnastikcoursen agesat.

Fir sech kënschtleresch virunzebilden huet hie Studiereesen an d'Belsch, an Däitschland, an d'Schwäiz an op Paräis gemaach.

1924 krut hien eng Nominatioun als Zeecheprofesser ("professeur de dessin") am Gymnase d'Echternach.

Am November 1932 ass hien an d'Pensioun gaangen a gouf vum Mathias Reckinger ersat.

AusstellungenÄnneren

LiteraturÄnneren

  • APEA, 1987. Regard sur deux siècles de création et d'éducation artistiques au Luxembourg. Association des Professeurs d'Education artistique de l'Enseignement secondaire et supérieur (APEA), Impr. St-Paul, Luxembourg, 332 S. (Auguste Wirion: S. 94-95).
  • C. Lang, 1967. Le personnel de l'enseignement secondaire et supérieur du Grand-Duché de Luxembourg, 1839-1922. Travail statistique de Félix Heuertz (1922), complété par Charles Lang (1967). Publications du Ministère de l'Éducation nationale, Luxembourg, S. 121-122.

AuszeechnungenÄnneren

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Auguste Wirion – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an NottenÄnneren

  1. 1,0 1,1 Doudesannonce am Luxemburger Wort Nr. 7 vum 29. Abrëll 1940, S. 7