De Ferdinand Victor Eugène Delacroix, gebuer de 26. Abrëll 1798 zu Charenton-Saint Maurice a gestuerwen den 13. August 1863 zu Paräis, war e franséische Moler.

Eugène Delacroix
Gebuer 26. Abrëll 1798
Saint-Maurice
Gestuerwen 13. August 1863
Paräis
Doudesursaach Tuberkulos
Nationalitéit Frankräich
Educatioun École nationale supérieure des beaux-arts,
Lycée Louis-le-Grand,
Lycée Corneille
Aktivitéit Moler, Diarist, Fotograf, Zeechner, Bauzeechner
Member vun Académie des beaux-arts
Famill
Papp Charles-François Delacroix

Hie gëllt, mam Théodore Géricault, als dee wichtegste franséische Moler vun der Romantik a gëtt och "literaresche Moler" genannt, well e gär literaresch Theeme verschafft huet, wourënner där vum Charles Baudelaire, William Shakespeare oder Dante.

Reesen a Spuenien an an de Maghreb haten e groussen Afloss op säi Wierk, wat d'Thematiken an den Asaz vu Liicht ugeet, awer och well en do Moler wéi de Francisco Goya oder de Diego Velázquez studéiere konnt.

Duerno huet hien ongezielte Commandë kritt fir ëffentlech Gebaier mat Wand- oder Plaffongsmolereien ze rëschten, wéi z. B. de Salon du Roi an d'Bibliothéike vum Palais Bourbon a vum Palais du Luxembourg. Och de Plaffong vun der Appolon-Galerie am Louvre an de Salon de la Paix am Paräisser Stadhaus si vun him. Op der Weltausstellung vun 1855 war den Delacroix mat 42 Tableauen dobäi.

Nieft der Molerei huet den Delacroix och Buch-Illustratioune gemaach. Hie gouf 1857 Member vun der Académie des Beaux-Arts.

Zu senge bekanntste Wierker zielen La Barque de Dante, Le Massacre de Scio, La Mort de Sardanapale oder La Liberté guidant le peuple.

Literatur änneren

  • Wof, N., La Peinture Romantique, Paris, 1999
  • Neret, G., Delacroix, Paris, 1999

Um Spaweck änneren

Commons: Eugène Delacroix – Biller, Videoen oder Audiodateien