Michele Ferrero
italieeneschen Entrepreneur
De Michele Ferrero, gebuer de 26. Abrëll 1925 zu Dogliani, am Piemont; a gestuerwen de 14. Februar 2015 zu Monte-Carlo,[1] war en italieeneschen Entreprener a Proprietär vum Schneekereieproduzent Ferrero.
Michele Ferrero | |
---|---|
Gebuer | 26. Abrëll 1925 |
Gestuerwen |
14. Februar 2015 Monte-Carlo |
Nationalitéit | Italien, Kinnekräich Italien |
Aktivitéit | Entreprener, Geschäftsmann |
Gielercher | Cavaliere di Gran Croce Ordine al Merito della Repubblica Italiana |
Famill | |
Papp | Pietro Ferrero |
Kanner | Giovanni Ferrero |
![]() |
Ënner senger Féierung gouf de Familljebetrib zu enger international aktiver Entreprise ausgebaut. Dem Forbes Magazine no war dem Michele Ferrero seng Famill mat engem Verméige vu 17 Milliarden US-Dollar (2009) déi drëtträichst an Italien, nom Leonardo Del Vecchio an dem Silvio Berlusconi.[2]
Um Sennengerbierg an der Gemeng Nidderaanwen, wou Ferrero säin europäesche Sëtz huet, gouf d'Strooss tëscht der N1 an dem Boulevard de Héienhaff no him genannt.
Referenzen
änneren- ↑ Zum Tod von Michele Ferrero. Chefversüßer der Welt. Süddeutsche Zeitung, 15. Februar 2015
- ↑ "The World's Billionaires." Forbes, 10.03.2010.