Dmitri Konstantinowitsch Kisseljow

russesche Journalist

Den Dmitri Konstantinowitsch Kisseljow (ru: Дмитрий Константинович Киселёв), gebuer de 26. Abrëll 1954 zu Moskau, ass e russeschen Televisiounsjournalist a -propagandist, a vum 1. Januar 2014 u Chef vun der internationaler Noriichtenagentur Rossija Segodnja (Россия сегодня; "Russland haut").

Dmitri Konstantinowitsch Kisseljow
Gebuer 26. Abrëll 1954
Moskau
Nationalitéit Russland
Aktivitéit Televisiounsmoderateur

De Kisseljow ass zu Moskau grouss ginn an huet an den 1970er Jore Skandinavistik op der Universitéit Leningrad studéiert. Duerno huet en als Journalist geschafft, als éischt fir de sowjetesche Fernsee, spéider fir verschidde russesch an ukrainesch Sender. Zënter 2005 ass e fir de Fensehsender Rossija 1 aktiv gewiescht, a gouf esou eent vun deene bekanntste Fernseegesiichter, ë. a. duerch seng Sendung Westi Nedeli, déi all Sonnden zu der beschter Sendezäit e Réckbléck op d'Noriichte vun der Woch bitt.

Am Westen ass e virun allem opgefall well e sech dacks am Toun vergräift, notamment mat Nazi-Vergläicher, oder mat engem Stalin-Verglach deen hie perséinlech fir e Kompliment gehalen huet. De schweedeschen Ausseminister Carl Bildt huet en a sengen Noriichten am Eescht als "Agent vun der CIA" presentéiert.

Am Ament lieft e mat senger Fra Marija an hire véier Kanner, zwee gemeinsamen an zwee aus virege Bestietnesser.

Um Spaweck änneren