Martine Deprez
![]() |
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Martine Deprez, gebuer de 26. Abrëll 1969[1], ass eng lëtzebuergesch Politikerin (CSV).
Martine Deprez | |
---|---|
Gebuer | 26. Abrëll 1969 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Berufflech war si bis 2001 Chargée d'études bei der Sécurité Sociale an ass zanter 2002 Mathematikprofessesch an engem Lycée.[2]
Si war Kandidatin am Südbezierk fir d'Chamberwale vum 7. Juni 2009 a gouf do déi fënneft op der Lëscht vun hirer Partei, net genuch fir e Sëtz am Parlament.[3]
Si ass zanter dem 8. November 2012 Member vum Staatsrot.[4]
Am Oktober 2015 gouf si zu der neier Presidentin vun der Union Grand-Duc Adolphe (UGDA) gewielt.[5]
ReferenzenÄnneren
- ↑ Lëscht vun alle Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
- ↑ Fiche fir d'Chamberwalen 2009 op csv.lu
- ↑ "Staatsrot: Martine Deprez Member? Kritik vu Gréng an ADR!" RTL.lu - 10.07.2012, 15:04 | Fir d'lescht aktualiséiert: 10.07.2012, 17:36
- ↑ Annonce vun der Martine Deprez hirer Vereedeguing als Member vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
- ↑ "Ugda: Martine Deprez nei Presidentin." rtl.lu, 30.10.2015, 07:34:46.