Spuenesche Biergerkrich

History template.gif Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Spuenesche Biergerkrich war e Krich an de bannenste Grenze vu Spuenien. En huet de 17. Abrëll 1936 ungefaang a bis den 1. Abrëll 1939 gedauert. Den Haaptgrond dofir war e Konflikt tëscht den demokratesch gewielte Republikaner an den Nationalisten ënnert enger Rei vu Genereel, déi géint d'Republik geputscht hunn. Nom fréien Dout vum Generol José Sanjurjo (1872-1936), deen d'Junta vun de Putschisten am Ufank ugeféiert huet, huet de Generol Francisco Franco d'Haaptroll iwwerholl. Vill verschidde Gruppen (Kommunisten, Sozialisten, Sozialliberaler, Anarcho-Syndikalisten, asw.) hu sech op der Säit vun der spuenescher Republik rëmfonnt, konnten awer bal ni, wéinst ideologesche Streidereien, eng richteg Eenheet bilden. Et kann ee soen, datt dat republikanescht Lager selwer an engem interne Biergerkrich verwéckelt war.

Spanish Civil War August September 1936.png

Obwuel et ee Biergerkrich war, hu friem Muechte matgemëscht: Hitlerdäitschland an dat faschistescht Italien hunn d'Nationalisten mat Truppeverbänn, wéi d'Legion Condor oder de Corpo Truppe Voluntarie, a mat Waffen ënnerstëtzt; an d'Sowjetunioun, ënner dem Stalin, respektiv Frankräich, awer zimmlech diskret, an der Zäit vum Front populaire, hunn d'Republikaner mat Waffen a mat Fräiwëllegen (International Brigaden) ënnerstëtzt.

No der Nidderlag vun der Republik huet de Franco eng streng konservativ-autoritär Diktatur a Spuenien ageriicht; d'Republikaner sinn zu Dausenden an d'Ausland geflücht; an a Mexiko gouf et joerzéngtelaang eng republikanesch Exilregierung.

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Spuenesche Biergerkrich – Biller, Videoen oder Audiodateien