Jeanne Olinger-Rouff

lëtzebuergesch Juristin a Fraerechtlerin

D'Jeanne Olinger-Rouff, gebuer de 26. Abrëll 1928 a gestuerwen den 28. Dezember 2012, war eng lëtzebuergesch Juristin a Fraerechtlerin.

Jeanne Olinger-Rouff
Gebuertsnumm Jeanne Rouff
Gebuer 26. Abrëll 1928
Gestuerwen 28. Dezember 2012
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Riichter

D'Jeanne Rouff war eng vun den dräi Dammen, déi am Mäerz 1961 vum Justizminister Paul Elvinger als éischt weiblech Magistratinne genannt goufen. Si war ënner anerem Riichterin, Avocat général, Conseillère a Président de Chambre op der Cour d'Appel an zulescht, bis zu hirer Pensioun, als éischt Fra Procureur d'Etat zu Lëtzebuerg.[1]

Si war Grënnungsmember vum Conseil National des Femmes, Member vun der Fédération Luxembourgeoise des Femmes Universitaires a vum informelle Club vun de Femmes Juristes, deen d'Reform vun den Zivilrechter vun der bestueter Fra virugedriwwen huet an déi néideg Gesetzesvirlagen dozou ausgeschafft huet.[1]

De 16. Mee 2017 huet de Stater Gemengerot decidéiert, eng nei Strooss zu Märel no hir ze nennen.[2]

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Colette Flesch: "Am Gedenken un 2 dichteg Fraen." RTL.lu - 29.05.2013, 07:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 30.05.2013, 09:26.
  2. op archives-vdl.findbuch.net