Bib Wagner

lëtzebuergesche Bobfuerer a Liichtathleet


De Bib Wagner oder Auguste Wagner, gebuer de 26. Abrëll 1901 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen 11. Januar 1972, war e lëtzebuergesche Bobfuerer an Olympionik.[1]

Bib Wagner
Gebuer 26. Abrëll 1901
Lëtzebuerg
Gestuerwen 11. Januar 1972
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Bobfuerer, Leefer

1923 war den Auguste Wagner lëtzebuergesche Champion am 100 a 400 Meter Laf.[2]

Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Wanterspiller 1936 zu Garmisch-Partenkirchen vertrueden[2], wou hien zesumme mam Henri Koch ugetrueden ass.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Olympedia – Bib Wagner. www.olympedia.org. Gekuckt de(n) 2020-08-17.
  2. 2,0 2,1 Lëtzebuerger Olympia Lexikon - Henri Bressler - Pierre Gricius - Georges Klepper - Éditions Schortgen - 2014 - ISBN 978-2-87953-197-7 Säit 245