Dësen Artikel beschäftegt sech mat der lëtzebuergescher Uertschaft Capellen. Fir déi belsch Gemeng, kuckt wgl. Kapellen (Belsch).

Capellen oder d'Cap ass eng Uertschaft an der Gemeng Mamer. Et ass déi eenzeg Uertschaft am Land déi Kantonalhaaptuert ass ouni de Sëtz vun enger Gemeng ze sinn.

Capellen
De Kulturzentrum vu Capellen
An anere Sproochen fr: Capellen
de: Capellen
Land Lëtzebuerg
Kanton Capellen
Gemeng Mamer
Buergermeeschter Luc Feller (CSV)
Awunner 1.986
  1. Januar 2021; 1. Januar 2022; 1. Januar 2023
Koordinaten 49° 38’ 46’’ N
      05° 59’ 29’’ O

Geographie änneren

Duerch d'Uertschaft Capellen féiert nieft der Nationalstrooss N6, och Areler Strooss genannt, déi d'Stad Lëtzebuerg mat Arel an der Belsch verbënnt och déi international Zuchstreck LëtzebuergBréissel (Belsch). D'N6 gehéiert op hirer ganzer Längt zu der Voie de la Liberté.

Duerch Capellen huet och eng wichteg Réimerstrooss (rue du Kiem) gefouert, déi eelst Strooss aus der Uertschaft.

Geschicht änneren

 
De réimeschen Zillenuewen haut am Park
vun der Maison Risch zu Capellen
  • 1841: Capellen gëtt zum Haaptuert vum Kanton bestëmmt. Firwat Capellen? Mä - anscheinend - eenzeg an eleng wéinst der Zentralitéit vun der Uertschaft: "La Commission (extraordinaire) propose de désigner Capellen comme chef-lieu du nouveau canton formé des parties détachées de ceux d'Arlon et de Messancy. Ce village a une position centrale " (Vgl. de Rapport vum 28. August 1841!).
  • 1842: E Friddensgeriicht gëtt zu Capellen ageriicht.
  • 1847: Eng Petitioun, déi un d'Stänn (fr.: États) vum Groussherzogtum adresséiert gëtt, versicht, den Haaptsëtz vum Kanton vu Capellen op Mamer ze déplacéieren. D'Stänn verwerfen dës Fuerderung allerdéngs de 15. November 1847.
  • 1848: No der Revolutioun gëtt schonn nees eng Petitioun agereecht - dës Kéier an der neier Chamber -, fir aus Mamer den Haaptuert vum Kanton ze maachen. Och dës Petitioun gëtt eestëmmeg verworf, an zwar den 19. Dezember 1949.
  • 1849: Déi éischt Schoul gëtt gebaut.
  • 1850: Den éischte Postbüro entsteet zu Capellen.
  • 1864: D'Uertschaft Capellen zielt 12 Haiser a 70 Awunner, an d'Kap 19 Haiser an 129 Awunner.
  • ????: D'Gendarmerie gëtt vu Stengefort op Capellen transferéiert.
  • 1927: Eng Gendarmerie-Kasär gëtt gebaut.
  • 1968: D'NAMSA, eng logistesch Agence vun der NATO, verleet hire Sëtz vu Châteauroux (Frankräich) op Capellen.
  • 1987: Eng nei Gendarmerie-Brigade gëtt ageweit.

Kuckeswäertes änneren

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Monument aux morts Capellen.

Réimeschen Zillenuewen änneren

De réimeschen Zillenuewe fënnt e laanscht d'Areler Strooss am Park vun der Maison Risch.

Am Juni 2002 hunn D'Georges-Kayser-Altertumsfuerscher an Zesummenaarbecht mam Nationalmusée fir Geschicht a Konscht, deen Uewen am Parc d'activités Hirenheck ausgegruewen. Well en net op där Plaz konnt bleiwen, huet de Service des sites et monuments nationaux den Zillenuewen op déi 'nei' Plaz transferéiere gelooss, wou en zanter dem 5. Abrëll 2003 ze gesinn ass[1].

Literatur änneren

  • Albert Calmes, Origine du Canton de Capellen ; in: Au fil de l'histoire, Bd. II, Lëtzebuerg (Sankt-Paulus), 1988 (= 3. Oplo); Ss. 230-232. Heibäi handelt et sech ëm de Reprint vun engem Artikel, deen den 11. Juli 1951 am Luxemburger Wort publizéiert gi war.
  • Jemp Kunnert, Les origines du canton de Capellen ; in: nos cahiers, 24. Joer - 2003, Nr. 3/4 (= Sonnernummer "Kanton Capellen"); Ss. 7-9.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Capellen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Quell: Informatiounsplackett op der Plaz..