Eng Lokomotiv ass e Gefier dat op Schinne fiert an en Zuch undreift.

Eng Damplokomotiv.
Eng Dieselelktresch Lokomotiv.
Eng elektresch Lokomotiv.
Eng Drockloftlokomotiv
Duebellokomotiv vun der SBB

Eng Lokomotiv transportéiert selwer keng Notzlaascht, spréch keng Passagéier oder Gidder. Dat ënnerscheet eng Lokomotiv vun enger Automotrice déi, wéi den Numm et scho seet, selwer fir den Undriff suergt.

Et gëtt ënnerschiddlech Zorte vu Lokomotiven, ofhängeg vun der Energiequell déi se benotzen.

Lokomotiven an Automotricen änneren

Virdeeler vu Lokomotiven änneren

  • Fir de Fall datt et zu enger Pann kënnt ass et aus praktescher Siicht besser fir déi dreiwend Elementer vun engem Zuch vum Rescht ze trennen. Op déi Aart a Weis kann dat dreiwend Element ausgetosch ginn an d'Pann huet keen direkten Impakt op den Zuch als Ganzt.
  • Aus ekonomescher Siicht ass d'Lokomotiv ëmmer deen deiersten Deel vun engem Zuch. Et ass dowéinst interessant dësen Deel och mat aneren Zich asetzen ze kënnen.
  • D'Uspréch an d'Besoine vun engem Zuch u säin dreiwend Element kënne sech änneren. Dann ass et praktesch wann nëmmen d'Lokomotiv eng aner muss sinn an net de ganzen Zuch ausgetosch muss ginn, zum Beispill wann en Zuch deen normalerweis mat enger elektrescher Lokomotiv fiert, muss iwwer eng Streck ouni Catenaire deviéiert ginn.

Virdeeler vun Automotricen änneren

  • Automotricë si méi effizient wéi Lokomotive well se mam ganze Gewiicht vun der Ramm schaffe kënne fir den Zuch a Beweegung ze setzen, respektiv fir en ofzebremsen. Eng Lokomotiv huet nëmmen hir eege Mass fir den Zuch ze beweegen.
  • Automotricë si méi fiabel wéi Lokomotive well se mat méi wéi engem Motor schaffen. Sollt emol ee Motor futti fueren, da kann eng Automotrice trotzdeem mat reduzéierter Leeschtung weiderfueren.
  • Automotricen hunn dee grousse Virdeel datt se zwéi Führerstänn hunn an dowéinst dat dreiwend Element bei engem Richtungswiessel net muss ëmgesat ginn. Bei Lokomotive gëtt dee Manko duerch den Asaz vu Steierween kompenséiert.
  • Automotricë sinn och méi sécher wéi Lokomotiven, well bei enger Automotrice jiddwer Element seng eege Bremsen huet. Bei enger Pann un enger vun de Bremse kënnen d'Bremse vun deenen aneren Elementer den Zuch un d'Stoe bréngen.

Verschidden Typpe vu Lokomotiven änneren

Damplokomotiven änneren

Damplokomotive waren déi éischt Lokomotiven déi et gouf. Dobäi gi fossil Brennstoffer (Kuelen, Mazout) oder Holz verbrannt déi d'Waasser am Kessel zum Kache bréngen. Duerch de Waasserdamp entsteet Drock deen iwwer Pistonen an eng Rei Staangen d'Lokomotiv a Beweegung setzt.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Damplokomotiv.

Dieselelektresch Lokomotiven änneren

Bei dieselelektresche Lokomotive gëtt eng Generatrice vun engem Dieselmotor ugedriwwen a sou elektresche Stroum produzéiert, mat deem een oder méi elektresch Motore gespeist ginn, déi d'Lokomotiv a Beweegung setzen.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Dieselelektresch Lokomotiv.

Gasturbinnebedriwwe Lokomotiven änneren

Bei Lokomotive mat Gasturbinne gëtt Gas benotzt fir elektresche Stroum ze produzéiere mat deem déi elektresch Motore gespeist ginn. No de Pëtrolskrisen an den 1970er Jore goufe vill sou Lokomotive gebaut.

Elektresch Lokomotiven änneren

Elektresch Lokomotive si Lokomotiven déi de Stroum fir hir Motoren aus enger Catenaire oder enger Stroumschinn kréien. Et gëtt Lokomotive fir Gläichstroum an därer fir Wiesselstroum. Gläichstroumlokomotive kënnen de Stroum direkt an hire Motor aspeisen, wärend Wiesselstroumlokomotiven de Stroum mat Hëllef vun engem Transformator oder Thyristor a Gläichstroum ëmwandele mussen.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Elektresch Lokomotiv.

Hybridlokomotiven änneren

Hybridlokomotive sinn eng relativ rezent Entwécklung bei där d'Lokomotive mat méi wéi engem System ekipéiert si fir Energie ze produzéieren. Fir gewéinlech hunn Hybridlokomotiven en Dieselmotor a kënnen zousätzlech nach mat Elektrizitéit aus enger Catenaire oder Schinn fueren.

Drockloftlokomotiven änneren

Eng Drockloftlokomotiv ass eng Lokomotiv déi mat Drockloft ugedriwwe gëtt, déi a speziellen Drockloftbehältere gespäichert ass, déi reegelméisseg mat Hëllef vu Kompresseren opgefëllt ginn.

Duebellokomotiven änneren

Duebellokomotive bestinn aus zwou Lokomotiven, déi permanent unennee gekoppelt sinn, a vun deenen am Prinzip eng aleng net funktionéiere kann.

Um Spaweck änneren

Commons: Lokomotiven – Biller, Videoen oder Audiodateien