Haaptmenü opmaachen

Eisebunnsstreck Näerzeng-Rëmeleng

CFL - Linn 6c
Garen - Uschlëss - Brécken - Tunnellen - Barrièren Km
BSicon STR.svg Uschloss: Beetebuerg
BSicon BHF.svg Gare Näerzeng 0,00
BSicon ABZgr.svg Ofzweigung Esch 0,12
BSicon SBRÜCKE.svg Autobunn A13 0,83
BSicon ABZg+r.svg Ofzweigung Esch 1,20
BSicon hKRZWae.svg Puelbech 1,98
BSicon BUE.svg Barrière PN 105 Keel CR166 Schëfflengerstrooss 2,14
BSicon SBRÜCKE.svg Nationalstrooss N 31 (Keel - Esch) 2,84
BSicon BHF.svg Gare Keel 3,00
BSicon hKRZWae.svg Bermicht 3,09
BSicon BHF.svg Gare Téiteng 3,91
BSicon BRÜCKE1.svg Téiteng (Rue des Légionnaires - Rue de l'Eau) 4,24
BSicon ABZgr.svg Ofzweigung Intermoselle
BSicon BUE.svg Barrière PN 106 CR166 4,96
BSicon KBHFe.svg Gare Rëmeleng 5,92

D'CFL-Linn op Rëmeleng ass eng Antenn vun der Eisebunnsstreck Beetebuerg-Esch. Si huet hiren Ufank an der Gare vun Näerzeng, a féiert dann iwwer Keel an Téiteng bis op den Terminus op Rëmeleng.

Geschicht vun der StreckÄnneren

Duerch en Arrêté royal grand-ducal vum 20. Juni 1859 krut de Wëllem Lëtzebuerg d'Konzessioun fir vu Beetebuerg aus en Uschloss an d'Minettsgéigend ze bauen, an zwar iwwer Näerzeng op Esch, mat engem Gleis vun Näerzeng aus op d'franséisch Grenz zu Rëmeleng.[1] D'Streck gouf 1860 a Betrib geholl. Se gouf tëscht 1960 an 1961 elektrifizéiert.

Dat Stéck vun der Rëmelenger Gare bis op Grenzgare gouf 1996 definitiv zougemaach, den Uschloss a Frankräich ass scho méi laang net méi befuer ginn. Domat ass aus der haiteger Gare eng Kappgare ginn, an d'Barrière an der Entrée vu Rëmeleng konnt och suppriméiert ginn. Op där Plaz ass haut e Kreesverkéier.

Als Iwwerreschter kann een nach déi al Gare op der Grenz zu Rëmeleng gesinn, an eng Parti vun der ofgerappter Streck op Ëtteng.

Vu Rëmeleng aus ass och eng Streck Richtung Téiteng gaangen, laanscht de Perchesbierg bis op den Hesselbierg. Haut ass op enger Partie vun där Streck en Trëppelpad, an et kann een nach Iwwerreschter vun de Verluedequaie gesinn.

Bedeitung fir de GiddertransportÄnneren

Vun Téiteng aus geet och nach e Gleis a Richtung Laangegronn fir d'Firma Intermoselle ze bedéngen. Deen Deel gouf 1980 elektrifizéiert.

Op där Streck ass och den Tunnel Huttbierg vun 80 Meter Längt, deen 1884 fäerdeg gouf.

Zukunft vun der StreckÄnneren

Am Mee/Juni 2010 gouf bekannt, datt iwwerluecht gëtt, fir kee Persounentransport méi op der Streck unzebidden.[2] Virun allem d'Feele vun Direktverbindungen an d'Stad an d'Konkurrenz vum Bus hunn d'Streck vill vun hirer Attraktivitéit kascht.

Etüde vum Ministère des Transports hu festgestallt, datt duerchschnëttlech nëmme 75 Leit den Dag de Service benotzen, wat 6 Leit pro Zuch sinn. D'Spuerpotential gëtt dobäi op 1,3 Milliounen Euro d'Joer geschat.

D'Gemenge laanscht Streck fäerten un Attraktivitéit ze verléieren. Pläng fir e Park and Ride zu Téiteng wieren domat genee sou a Gefor, wéi eng Abannung vun der Linn an de sougenannte Südtram[3]

ReferenzenÄnneren