Ministère d'État
![]() |
Dës Säit beschäftegt sech mat lëtzebuergesche Ministère d'État. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Ministère d'État (Homonymie). |
De Staatsministère, offiziell Ministère d'État zu Lëtzebuerg, gëtt vum Premierminister (och nach Staatsminister) geleet. Hie koordinéiert déi alldeeglech Geschäfter vun der Lëtzebuerger Regierung a garantéiert d'Eenegkeet vun de Aktivitéite vun der Regierung. Prinzippien déi an de verschiddenen Deeler vum Staat applizéiert ginn[1].
![]() | |
Staatsministère | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Minister | Luc Frieden |
Verwaltungssëtz | Lëtzebuerg |
Adress | 2, place de Clairefontaine L-1341 Lëtzebuerg |
Ënnersteet der/dem | Lëtzebuerger Regierung |
Gegrënnt | 1857 |
Um Spaweck | https://me.gouvernement.lu/ |
![]() |
Allgemenges änneren
De Premierminister huet d'Presidence iwwer de Regierungsrot. Bei enger Stëmmegläichheet am Regierungsrot ass seng Stëmm ausschlaggeebend. An extrem dréngende Fäll kann hien eng Decisioun huelen, déi eigentlech an der Kompetenz vum Regierungsrot läit. Hie muss de Regierungsrot an deem Fall an der nächster Sëtzung doriwwer an d'Bild setzen.
Kompetenz vum Staatsministère änneren
D'Servicer a Verwaltungen déi ënnert d'Kompetenz vum Staatsministère falen, sinn am interne Reglement vun der Regierung festgehalen[2]. Dozou gehéieren ë. a.:
Allgemenges änneren
- d'institutionell Relatioune mam Grand-Duc, der Chamber an dem Staatsrot
- de Wirtschafts- a Sozialrot
- d'Mënscherechtskommissioun
- de Comité pour la mémoire de la Deuxième guerre mondiale
- d'Relatiounen tëscht dem Staat an de reliéise Communautéiten
- d'Bezéiunge mat der Zentralbank, an Zesummenaarbecht mam Finanzminister
- d'Œuvre nationale Grand-Duchesse Charlotte
- de Staatlechen Informatiouns- a Pressedéngscht, deen d'Medien an d'Ëffentlechkeet iwwer d'Aktivitéite vun der Regierung informéiert;
- alles wat d'Staatssécherheet ugeet, wéi zum Beispill den Héije Kommissariat fir national Sécherheet, de Noriichtendéngscht, de Cybersecurity Board an de Computer Emergency Response Team;
Medien a Kommunikatioun änneren
De Service fir Kommunikatioun a Medien huet d'Responsabilitéit vum Minister fir Kommunikatioun a Medien, a këmmert sech em d'Medien, de Weltraum, elektronesch Kommunikatiounen a Postservicer grad wéi ëm den Dateschutz.
- Medien: geschriwwe Press, audiovisuell Medien, Radio, Internet, Radio 100,7
- Weltraum: Lëtzebuergesch Satellittesystemer, SES
- Connectivitéit: Politik vun den elektronesche Kommunikatiounsnetzwierker a -servicer, LuxConnect (zesumme mam Minister fir d'Digitaliséierung), Radiokommunikatioun, Postsdéngschter
- Relatioune mat der Autorité luxembourgeoise indépendante de l'audiovisuel (ALIA), der Commission nationale pour la protection des données (CNPD) an dem Institut luxembourgeois de régulation (ILR)
Relatioune mat der Chamber änneren
- Relatioune mat der Chamber - Koordinatioun tëscht der parlamentarescher an der Regierungsaarbecht
- Zentrale Legislatiounsservice, deen den institutionelle Lien tëscht der Regierung, der Chamber an dem Staatsrot assuréiert an och fir d'Publikatioun vum Journal Officiel (Mémorial) responsabel ass;
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Ministère d'État – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- De Ministère op gouvernement.lu, der Websäit vun der Regierung
Referenzen an Notten änneren
- ↑ « Règlement interne du Gouvernement » adopté par le Gouvernement en conseil en date du 27 novembre 2023. Art. 8 « Le Premier ministre coordonne l’action du Gouvernement et veille au maintien de l’unité de l’action gouvernementale. Il dirige le Ministère d’État. ». legilux.public.lu (09.07.1857). Gekuckt de(n) 29.11.2023.
- ↑ Annexe B – Constitution des Ministères vum Arrêté grand-ducal du 27 novembre 2023 portant approbation et publication du règlement interne du Gouvernement