Steve Kayser

lëtzebuergeschen Historiker

De Steve Kayser, gebuer de 16. Mee 1972 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass e lëtzebuergesche Lycéesprofesser, Auteur an Historiker.

Steve Kayser
Gebuer 16. Mee 1972
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker, Lycéesprofesser, Auteur

Hien huet eng Maîtrise an der Geschicht, déi en op der Sorbonne (Paris IV) gemaach huet.

Nodeem de Steve Kayser eng Rei Jore Geschichtsprofesser am Lycée technique de Bonnevoie war, gouf hien 2006 Direkter (faisant fonction) vum Centre de documentation et de recherche sur l'enrôlement forcé (CDREF), dat bis 2016. Hie war Member vun der Spezialkommissioun, déi sech mat der Etüd vun der spoliation des biens juifs am Lëtzebuerger Land (1940-1945) ofginn huet.

Mat der Grënnung vum Zäitgeschichtlechen Institut, deen un d'Uni Lëtzebuerg gekoppelt gouf, ass den CDREF als autonom Institutioun verschwonnen, an de Steve Kayser ass 2016 an den Enseignement zeréckgaangen. Elo ass hien am Stater Kolléisch ugestallt.

Bibliographie (Auswiel) änneren

  • Schueberfouer - Déi Lëtzebuerger Traditioun zanter 1340, Éditions Schortgen, 2007.
  • Schueberfouer- eine Luxemburger Tradition mit europäischem Charakter, nos cahiers 2/3, 2008.
  • Die Schausteller: Menschen und ihre Traditionen, nos cahiers Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur, 2/3 2008.
  • Nicht in die Betroffenheitspädagogik abgleiten, Interview vum Asko Schroeder mam Steve Kayser, dem Direkter vum CDREF, zum Theema Erënnerungspedagogik zu Lëtzebuerg, Lëtzebuerger Journal, Nr. 223, 18. November 2009.
  • Le Luxembourg d'une guerre à l'autre - L'indépendance du Grand-Duché dans la tourmente (1914-1945); Lëtzebuerg (Imprimerie Centrale), 2016. D'Texter sinn an 3 Sproochen, FR, LU, EN. - ISBN 978-2-87978-191-4

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Mémorial B — Nr 25 vum 9. Juli 1996, S. 378