Wiesbaden
![]() |
Dëse Geographiesartikel iwwer Däitschland ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Wiesbaden ass d'Landeshaaptstad a gläichzäiteg no Frankfurt (zirka 35 km ëstlech) déi zweetgréisst Stad vun Hessen an huet eng Fläch vun ongeféier 204 km². Wiesbaden ass virun allem bekannt fir seng waarm Bieder a seng historesch Architektur, an zielt zu deene schéinste Stied vun Däitschland. Zanter 1951 ass Wiesbaden Sëtz vum Bundeskriminalamt an zanter 1948 vum statistesche Bundesamt.
Wiesbaden | |
---|---|
![]() | |
![]() | |
![]() | |
Land | Däitschland |
Bundesland | Hessen |
Regierungsbezierk | Darmstadt |
Krees | Kreesfräi Stad |
Buergermeeschter | Hans-Joachim Jentsch |
Awunner | 278.950 (31 Dezember 2021) |
Fläch | 203,9 km² |
Héicht | 115 m ü. NN |
Koordinaten | 50°4'57"N, 8°14'24"O |
Telefonszon | 6122 |
Postcode | 65183–65207 |
Websäit | https://www.wiesbaden.de/ |
Jumelage mat | Montreux, Gent, Fondettes, Ljubljana, San Sebastián, Wrocław, Görlitz |
![]() | |
GeographieÄnneren
Wiesbaden läit op der rietser Säit vum Rhäin.
BezierkerÄnneren
D'Stad Wiesbaden ass a 26 Bezierker agedeelt.
Mainz-Amöneburg, Mainz-Kastel a Mainz-Kostheim hu bis 1945 zu Mainz gehéiert. Dohier den Numm.
Kuckt och: Lëscht vun de Wiesbadener Bezierker
NopeschstiedÄnneren
Wiesbaden grenzt am Norden un Taunusstein an un Niedernhausen, am Osten un d'Stied Hofheim, am Süden u Mainz an am Westen u Schlangenbad, Eltville a Walluf.
KlimaÄnneren
Wiesbaden läit an der gemässegter Klimazon. D'Joresmëtteltemperatur bedréit 9,8 Grad Celsius an et falen am Duerchschnëtt pro Joer 638 Millimeter Néierschlag.
De wäermste Mount ass de Juli mat an der Moyenne 18,6 Grad Celsius, de keelste Mount ass de Januar mat an der Moyenne 1,0 Grad Celsius. De meeschte Néierschlag fält am Juni mat an der Moyenne 68 Millimeter, am mannsten Néierschlag fält am Februar an am Abrëll mat an der Moyenne 41 Millimeter.
GeschichtÄnneren
Schonn zu Réimerzäite war d'Stad ënner dem Numm Aquae Mattiacae bekannt.
PolitikÄnneren
D'Stadtverordnetenversammlung vun der Stad Wiesbaden huet 81 Memberen. Zanter Juli 2019 ass de Gert-Uwe Mende[1] (SPD) Oberbuergermeeschter.
CDU | SPD | GRÜNE | FDP | REP | LINKE | BLW | FW | PIRATEN | |
2011 | 27 | 23 | 16 | 4 | 2 | 3 | 3 | 1 | 2 |
2006 | 29 | 25 | 10 | 7 | 4 | 3 | 3 | – | – |
2001 | 30 | 28 | 8 | 10 | 4 | 1 | – | – | – |
PopulatiounÄnneren
Den 31. Dezember 2011 hunn an der Stad Wiesbaden 278.919 Mënsche gelieft, wouvun der 46.743 Auslänner (16,9 %) waren.
VerkéierÄnneren
Als zweetgréisst Stad vun Hessen huet d'Stad och verkéierstechnesch eng zentral Roll.
LoftverkéierÄnneren
De Fluchhafe vu Frankfurt am Main, läit 30 km vun der Stad ewech. Als internationale Fluchhafe bestinn direkt Linne mat verschiddenen europäesche Stied.
StroosseverkéierÄnneren
5 Bundesstroosse gi vun der Stad aus fort: d'B54, d'B262, d'B263, d'B417 an d'B455. D'Autobunnen A3, A66, A643 an A671 féieren an d'Stad, respektiv sinn Deel vum Contournement vun der Stad.
Ëffentlechen TransportÄnneren
EisebunnÄnneren
An der Wiesbadener Gare lafe verschidden Eisebunnslinnen zesummen:
- Köln - Koblenz - Wiesbaden
- (Limburg) - Niedernhausen - Wiesbaden
- Frankfurt - Wiesbaden
- Héichvitessstreck Köln–Rhein/Main
Iwwer déi Linnen huet d'Gare Uschloss un d'Linn vum InterCityExpress-Netz.
Ausser der Haaptgare gëtt et nach e puer méi kleng Garen um Territoire vu Wiesbaden: déi vu Biebrich, Schierstein, Erbenheim, Igstadt, Medenbach, Mainz-Kastel a Wiesbaden-Ost.
BussenÄnneren
D'Stad Wiesbaden bedreift, mat hirer Gesellschaft ESWE, en eegent Busnetz, bei deem eng ronn 230 Bussen op 40 Linnen déi verschidde Quartieren ofdecken.
Kultur a KuckeswäertesÄnneren
BauwierkerÄnneren
- D'Schlass Biebrich
- D'Bonifatiuskirche
- D'Buerg Sonnenberg
- D'Kurhaus Wiesbaden
- D'Marktkirche
- Den Hessesche Staatstheater Wiesbaden
- D'Ringkirche
- D'Nerobergbahn
- D'Wilhelmstraße
- De Kurpark
- De Bowling Green
- D'Schlass vu Wiesbaden
- De Kochbrunnen
- D'Neues Rathaus
- D'Opelbad
Reegelméisseg EvenementerÄnneren
- Februar / Mäerz: "Karneval"
- Abrëll: "GoEast"
- Mee: "Internationale Maifestspiele Wiesbaden" a "Internationales Pfingstturnier"
- Juni: "Wilhelmstraßenfest"
- Juli: "Schiersteiner Hafenfest"
- August: "Rheingauer Weinwoche" a "Folklore-Festival"
- September: "Taunusstraßenfest"
- Oktober: "Andreasmarkt"
- November: "exground filmfest"
- Dezember: "Sternschnuppenmarkt".
AkafenÄnneren
An der Wilhelmstraße, och nach kuerz d'Rue genannt, fënnt ee Luxuslabelen. An der Kirchgasse an an der Langgasse kann een och zu méi moderater Präisser wéi op der Wilhelmstraße akafen. Hei fënnt e vun der exzentrescher bis zur klassescher Moud bal alles.
Bekannt WiesbadenerÄnneren
- Pierre Even - Affekot, Komponist an Hobbyhistoriker
- Adolphe vu Lëtzebuerg - Herzog vun Nassau
- Kristina Schröder - Politikerin
- Nico Rosberg - Formel 1 Pilot
- Karin Dor - Schauspillerin
- Wëllem IV. vu Lëtzebuerg - Groussherzog
Partnerschafte mat anere StiedÄnneren
Wiesbaden huet Partnerschafte mat follgende Stied. A Klameren d'Joer vum Etablissement vun der Partnerschaft.
|
|
GeschichtÄnneren
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Wiesbaden – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- ↑ Hessenschau 29.06.2019 (de)