Den Helmut Dietl, gebuer den 22. Juni 1944 zu Bad Wiessee a gestuerwen den 30. Mäerz 2015 zu München, war en däitsche Film- an Televisiounsregisseur an Dréibuchauteur.

Helmut Dietl
Gebuer 22. Juni 1944
Bad Wiessee
Gestuerwen 30. Mäerz 2015
München
Doudesursaach Longekriibs
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Universitéit vu München
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmproduzent
Member vun Deutsche Filmakademie
Famill
Bestuet mat Barbara Valentin, Veronica Ferres
Liewenspartner(in) Veronica Ferres

Hien huet ufanks bei Televisiounsserië Regie gefouert, wéi vun 1974 u bei Münchner Geschichten, duerno bei Der ganz normale Wahnsinn an, no engem Intermezzo zu Los Angeles (1979-1983), bei Monaco Franze - Der ewige Stenz. 1986 huet hien d'Serie aus 6 Deeler Kir Royal realiséiert, eng Satire op d'Mediewelt.

Ausserdeem huet hien e puer Dréibicher zesumme mat sengem Kolleeg Patrick Süskind geschriwwen.

Säin éischte Kinofilm, Schtonk! (1982), wou en dem Stern seng Blamage bei der Publikatioun vu gefälschten Hitler-Dagebicher op d'Schëpp hëlt, war e grousse Succès a gouf nominéiert fir den Oscar vum beschten net-engleschsproochege Spillfilm. 1997 koum Rossini - oder die mörderische Frage, wer mit wem schlief eraus, eng Parodie vun der Münchener Schicki-Micki-Zeen, och dësen e grousse Succès bei der Kritik a beim Publikum. 1999 koum säi Film Late Show an de Kino, deen an der Mediewelt spillt.

Vom Suchen und Finden der Liebe, deen 2005 erauskoum, hat manner Succès, an och Zettl, deen 2011 ugelaf ass huet gefloppt.

Filmographie (Auswiel) änneren

  • 1972: Das Jahrhundert der Chirurgen (Tëleesserie, Dréibuch vu 6 Episoden)
  • 1974: Münchner Geschichten (Tëleesserie, 9 Episoden, deelw. Dréibuch a Regie)
  • 1979: Der Durchdreher, Dréibuch: Helmut Dietl (Kinoversioun Der ganz normale Wahnsinn)
  • 1979: Der ganz normale Wahnsinn (Telesserie, 12 Episoden), Dréibuch: Helmut Dietl
  • 1983: Monaco Franze - Der ewige Stenz (Telesserie, 10 Episoden), Dréibuch: Helmut Dietl a Patrick Süskind
  • 1986: Kir Royal (Telesserie, 6 Episoden), Dréibuch: Helmut Dietl a Patrick Süskind
  • 1992: Schtonk!, Dréibuch: Helmut Dietl an Ulrich Limmer
  • 1997: Rossini - oder die mörderische Frage, wer mit wem schlief, Dréibuch: Helmut Dietl a Patrick Süskind
  • 1999: Late Show, Dréibuch: Helmut Dietl a Christoph Müller
  • 2005: Vom Suchen und Finden der Liebe, Dréibuch: Helmut Dietl a Patrick Süskind
  • 2012: Zettl, Dréibuch: Helmut Dietl a Benjamin von Stuckrad-Barre

Um Spaweck änneren