Marianne Hold

däitsch Schauspillerin

D'Marianne Hold, gebuer de 15. Mee 1933 zu Johannisburg an Ostpreisen als Marianne Weiss, a gestuerwen den 11. September 1994 zu Lugano, war eng däitsch Schauspillerin.

Marianne Hold
Gebuer 15. Mee 1933
Pisz
Gestuerwen 11. September 1994
Lugano
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Filmschauspiller
Famill
Bestuet mat Frederick Stafford

D'Marianne Hold ass fir de Film vum Schauspiller a Filmregisseur Luis Trenker entdeckt ginn. Am Joer 1956 ass si duerch de Film Die Fischerin vom Bodensee grouss erauskomm.

Am Joer 1964 huet si bei den Dréiaarbechte vum Film Die Diamantenhölle am Mekong de Friedrich Strobel von Stein kenne geléiert. Am selwechte Joer huet si sech mat him bestuet. De Friedrich Strobel von Stein huet spéider ënner dem Numm Frederick Stafford Karriär beim Film gemaach. Nom Film Der Schut am Joer 1964 huet d'Marianne Hold sech aus dem Film zeréckgezunn.

Den 11. September 1994 ass si an hirer Wunneng zu Lugano gestuerwen.

Filmographie änneren

Um Spaweck änneren