Bristol
|
Land Groussbritannien
Landesdeel: England
Koordinaten: 51° 27’ 11’’ N
      02° 35’ 24’’ W
Fläch: 110 km²
Awunner: 380.615 (2001)
Bevëlkerungsdicht: 3.429 / km²

Bristol ass eng Stad a Grofschaft (Unitary authority) am Südweste vu Groussbritannien an e wichtege regionale Wirtschafts-, Kultur- an Educatiounszentrum.

Geographie änneren

Bristol läit am Südweste vun England um Zesummefloss vun de Flëss Avon a Frome, eng 200 km westlech vu London. Mat enger gudder hallwer Millioun Awunner déi an der Agglomeratioun liewen as Bristol déi sechst gréisst Stad an England, an déi néngt gréisst a Groussbritannien.

Bristol as eng onofhängeg Grofschaft ("unitary authority") a grenzt am Norden an Osten un d'Grofschaft Süd Gloucestershire, an am Süden un d'Grofschaften Nord Somerset a Bath an Nordost Somerset. Am Weste grenzt d'Stad un de Bristol Channel, en Deel vum Iresche Mier.

Geschicht änneren

Wärend der Réimescher Epoch gouf et eng Siidlung mam Numm Abona um Gebitt vun der haiteger Stad, déi per Réimerstrooss u Bath ugebonne war. Am Mëttelalter huet Brycgstow (al Englesch: "d'Plaz bei der Breck") sech zu engem nennenswäerten Hafen entwéckelt, nodeem d'Bett vum Floss Avon am Stadzentrum vergréissert gouf. Doduerch konnt sech eng ganz aktiv Schëffsbau- and Handelsszeen entwéckelen. Zäitweileg ass praktesch de ganzen Handel vu Groussbritannie mat Irland iwwer Bristol ofgewéckelt ginn, a Bristol war an der Mëtt vum 14. Joerhonnert déi drëttgréisste Stad an England (no London a York). Am 15.a 16. Joerhonnert ass et du méi lues gaangen, a wärend der Englescher Revolutioun ëm 1640 huet d'Stad staark gelidden.

Den Hafen, an domat d'Stad, hunn am 17. an 18. Joerhonnert dunn awer erëm rapid u Bedeitung gewonnen, virun allem duerch den Handel mat de Brittesche Kolonien an Nordamerika an Afrika. Bristol gouf domat och, zesumme mat Liverpool, zu engem Zentrum vum Sklavenhandel. Et gëtt geschat datt ronn eng hallef Millioun Sklaven, op Schëffer déi zu Bristol produzéiert goufen, vun Afrika an Nordamerika transportéiert goufen. Mat der Zäit gouf et awer erëm Problemer, virun allem duerch de Krich mat Frankräich 1793, deen de maritimen Handel staark matgeholl huet, an duerch d'Ofschafe vun der Sklaverei 1807. Allerdéngs konnt Bristol seng wichteg Stellung weider verdeedegen.

Am Joer 1841 ass d'Eisebunnslinn Great Western Railway, déi London mat Bristol a spéiderhi mat Südwales verbënnt, opgaangen, wouduerch den Hafe sech London als potentielle Maart geséchert huet. De Great Western Railway war virun allem eng Leeschtung vum Isembard Kingdom Brunel, engem jonke Bauingenieur, dee spéiderhin och d'Bristol Suspension Bridge, eng vun den Attraktioune vum haitege Bristol, entworf huet.

Am Zweete Weltkrich ass e groussen Deel vu Bristol, virun allem am Zentrum, zerstéiert ginn. Nom Krich goufen dunn an deenen zerstéierte Staddeeler Bëtongstierm, Akafszentren an Duerchgangsstroosse gebaut, an et huet bis an d'1980er Jore gedauert, bis endlech erëm Wäert och op d'Schéinheet an d'Liewensqualitéit am Stadzentrum geluecht gouf. Am Ufank vum 21. Joerhonnert féiert d'Stad e grousse Renovatiounsprogramm duerch, fir d'Bild vum Stadzentrum ze verschéineren.

Bristol war Kandidat fir d'Europäesch Kulturstad 2008, en Titel dee schlussendlech awer u Liverpool goung.

Politik änneren

Well d'Stad Bristol eng Unitary authority ass, ass de Gemengerot (local council) och gläichzäiteg de Rot vun der Grofschaft (County Council). De Rot besteet aus 70 Deputéierten (councillors), déi 35 Walkreesser (wards) representéiren. Vun deenen 3 grousse Parteien an England huet keng eng absolut Majoritéit, mä am Moment (lescht Deelwalen am Mee 2006) gëtt de Rot vun der Liberaldemokratescher Partei gefouert, déi 33 Deputéierte stellt. Labour huet 23 Deputéiert, an déi Konservativ sinn 13-mol representéiert. Buergermeeschtesch (Council Leader) ass d'Barbara Janke vun de Liberaldemokraten, an déi zeremoniell a representativ Aufgabe gi vum Lord Mayor Peter J Abraham iwwerholl. Gewielt gëtt all 1 oder 2 Joer an Deelwalen, an all Deputéierte behält säi Sëtz fir 4 Joer.

Op nationalem Plang ass Bristol duerch 5 Deputéierten am House of Commons representéiert. D'Walkreesser si Bristol West, Ost, Süd an Nordwest, a Kingswood, déi awer deelweis iwwer d'Limite vun der Stad erausginn. An de Wale vun 2005 goufe 4 Deputéierte vu Labour an ee vun de Liberaldemokraten (zu Bristol West) an d'Parlament gewielt. Fir déi next Walen op nationalem Plang ass allerdéngs geplangt fir d'Limitte vun de Walkreesser z'änneren.

Kultur, Educatioun, Sport änneren

Bristol huet zwou Universitéiten. D'University of the West of England huet ronn 20.000 Studenten, an op der University of Bristol studéire knapps 13.000 Leit.

Zu Bristol gëtt et 2 professionell Foussballsveräiner: Bristol City spillt am englesche Football Championship, der zweethéchster Spillklass am englesche Foussball, a Bristol Rovers ass aktiv an der League One, der drëtthéchster Spillklass. Wichtegste Sport ass awer Rugby an deem de lokale Veräin ee vun deene beschten am Land ass.

Kuckeswäertes änneren

 
D'Bristol Suspension Bridge
 
D'Bristol Cathedral
 
Cabot Tower
 
Llandoger Trow: Et gëtt gesot datt den Daniel Defoe an deem Pub fir d'éischt d'Geschicht vum Robinson Crusoe héieren hätt

Um Spaweck änneren

Commons: Bristol – Biller, Videoen oder Audiodateien
  Zeremoniell Grofschafte vun England  

Bedfordshire | Berkshire | Bristol | Buckinghamshire | Cambridgeshire | Cheshire | City of London | Cornwall | Cumbria | Derbyshire | Devon | Dorset | Durham | Essex | Gloucestershire | Grouss London | Grouss Manchester | Hampshire | Herefordshire | Hertfordshire | Wight | Kent | Lancashire | Leicestershire | Lincolnshire | Merseyside | West Midlands | Norfolk | Northamptonshire | Northumberland | Nottinghamshire | Oxfordshire | Rutland | Shropshire | Somerset | Staffordshire | Suffolk | Surrey | Ost Sussex | West Sussex | Tyne and Wear | Warwickshire | Wiltshire | Worcestershire | Ost Yorkshire | Nord Yorkshire | West Yorkshire | Süd Yorkshire |