Petula Clark

brittesch Schauspillerin a Sängerin

D'Petula Sally Olwen Clark,CBE, gebuer de 15. November 1932 zu Ewell an der englescher Grofschaft Surrey ass eng brittesch Schauspillerin a Popsängerin.

Petula Clark
am Joer 2012
Gebuertsnumm Sally Clark
Gebuer 15. November 1932
Ewell
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Kannerschauspiller, Sänger, Komponist, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Discographesche Kënschtler
Famill
Papp Leslie Clark
D'Clark 1960

D'Petula Clark huet mat 7 Joer ugefaangen an engem Kannerchouer ze sangen an huet och ganz jonk scho bei der BBC gesongen. Si gouf séier e Kannerstar an hat bis 1950 schonn an 20 Filmer matgespillt.

Ee vun hire gréisste Succèse war Downtown, déi 1964 bei Vogue op enger 7" Single erauskoum, vun där 3 Millioune Placke verkaaft goufen.

D'Petula Clark huet sech 1961 mat dem franséische Journalist Claude Wolff bestuet, an d'Koppel krut dräi Kanner. Nodeem si a Frankräich geplënnert war krut se do eng eege Tëleesendung an ass och en ettlech Kéieren am Olympia opgetrueden. Si huet eng Zäit an Amerika gewunnt an huet do a Filmer mam Fred Astaire a mam Peter O'Toole matgespillt. (Goobye, Mr. Chips).

Si krut 1998 den Uerden Commander of the British Empire.

Filmer änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Petula Clark – Biller, Videoen oder Audiodateien