Antoine Diederich

lëtzebuergesche Resistenzler
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


Den Antoine Diederich, gebuer den 21. Februar 1923[1] zu Déifferdeng[2] a gestuerwen de 27. Mee 1978 zu Wasserbëlleg[3], war e lëtzebuergesche Resistenzler, dee virun allem am franséische Maquis aktiv war, wou e just ënner dem Numm Capitaine Baptiste bekannt war.

Antoine Diederich
Gebuer 21. Februar 1923
Déifferdeng
Gestuerwen 27. Mee 1978
Waasserbëlleg
Nationalitéit Lëtzebuerg

Hien hat bis zu 77 Leit ënner sengem Kommando, an ass virun allem bekannt dofir, den 13. August 1944 de Prisong vu Riom mat senge Leit iwwerfall ze hunn, a sou 114 politesch Prisonéier, déi zum Doud verurteelt waren, befreit ze hunn.[4] Um Prisong vu Riom hänkt eng Plackett fir un dat Evenement z'erënneren.

Nom Krich huet hien zu Gréiwemaacher op der Douane geschafft a goung do als Receveur a Pensioun an hien huet zu Waasserbëlleg gewunnt.[5]

Den 29. Mee 1977 gouf hie Chevalier vun der Légion d'honneur.[5]

Zu Esch-Uelzecht, am Quartier Lalleng, ass 2001 eng Strooss no him genannt ginn,[6] an dat Joer drop gouf e Gedenksteen an där Strooss opgeriicht.[7]

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1923 steet op sengem Gebuertsschäi vun der Stad Déifferdeng
  2. Den Antoine Diederich op www.ons-jongen-a-meedercher.lu
  3. Doudesannonce vum Antoine Diederich am Luxemburger Wort vum 30. Mee 1978 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 8. Februar 2022
  4. Raths, Aloyse, 2008: Unheilvolle Jahre für Luxemburg - Années néfastes pour le Grand-Duché, S.375-377.
  5. 5,0 5,1 'Les origines du jumelage entre Grevenmacher et Aubière' mat Informatiounen iwwer den Antoine Diederich op der Websäit vun der Stad Aubière
  6. "Esch/Alzette - Straße nach dem Widerstandskämpfer Antoine Diederich benannt." Luxemburger Wort, 26. Mee 2001.
  7. "Esch-s-Alzette Gedenkstein für Resistenzler Antoine Diederich enthüllt". Luxemburger Wort 12. September 2002.